D'Pirate gesi gutt Chancë fir d'Europawalen
© Lynn Kayser
En Donneschdeg de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi traditionell Parteie si méi wäit vun engem zousätzleche Sëtz ewech, wéi d'Pirate vun engem éischte Sëtz am Europaparlament - dat sot de Spëtzekandidat vun de Pirate Raymond Remakel an deem Kontext am Interview mat RTL. D'Partei gesäit ganz konkret Chancen, fir dës Walen kënnen e Sëtz ze gewannen. 2019 haten d'Pirate 7,7 Prozent vun de Stëmmen hei am Land an dorop kéint ee gutt opbauen. D'Pirate wieren a verschiddene Regiounen och däitlech besser gewielt gi wéi d'ADR. Fir e Sëtz am EU-Parlament brauch et ronn 12 Prozent.
Dateschutz a Biergerbedeelegung
Wichteg Theme fir d'Piraten am Europawalkampf sinn nieft der Transparenz an dem Digitale virop d'Biergerbedeelegung an den Dateschutz. Bei der Biergerbedeelegung kéint ee sech virstellen, dass d'EU-Parlament eng Plattform kritt, wou d'Bierger direkt kënnen a Kontakt komme mam Parlament, fir hire Feedback zu Dossieren ze ginn. Hei am Land hunn d'Piraten zum Beispill de Site "Fro.lu", mat deem si ganz gutt Erfarunge gemaach hätten. D'Bierger kéinten einfach Feedback eraginn oder Froe stellen an doduerch géingen och alt mol interessant a ganz variéiert parlamentaresch Froen entstoen. D'Pirate géinge sech dann och dofir asetzen, dass Referenden op europäeschem Niveau agefouert ginn, sou de Raymond Remakel.
Punkto Dateschutz wier et wichteg, dass d'Bierger méi Kontroll iwwer hir eegen Daten hätten. Et misst ee seng eegen Date kënne consultéieren, kontrolléieren an noutfalls och läsche loossen. Donieft schwätze sech d'Pirate komplett géint d'Ofspäichere vu biometreschen Daten aus, ausser wann et ëm medezinesch Dossiere geet.
"Mir sinn eng Partei vun der Mëtt"
Ugeschwat op e méigleche Rietsruck bei den Europawalen am Juni, sot de Raymond Remakel, vill Leit géingen déi Parteien aus Protest wielen, well si onzefridde si mat de méi etabléierte Parteien. Dobäi wier et awer sou, dass d'Leit dacks net mat der DNA vu rietse Parteien averstane wieren. Genee deene Wieler wéilt ee vermëttelen, datt si och kéinten d'Pirate wielen, als equilibréiert Partei aus der Mëtt ouni extremistesch Tendenzen.
Dass bei der Piratepartei manner bekannte Gesiichter op der Europalëscht si wéi bei anere Parteien, wier een éierleche Choix. D'Lëtzebuerger Deputéiert [Sven Clement, Marc Goergen a Ben Polidori, ndrl.] hätte gesot, si wéilten d'Vertraue vum Wieler net verspillen fir op d'Europalëscht matzegoen, einfach fir Stëmmen ze sammelen. Si wéilten hiert Mandat hei zu Lëtzebuerg maachen. Dofir géing ee bei de Piraten nei an onverbraucht Gesiichter fannen, sou de Raymond Remakel. Iwwert seng Decisioun, fir bei den Europawale fir d'Piraten ze kandidéieren, sot den Invité, hie wier laang an der LSAP gewiescht, hätt awer iergendwann d'Gefill gehat, dass hie sech mat der Partei auserneegelieft hätt. Dunn hätt hien de Pirat Sven Clement kennegeléiert a gemierkt, datt hir Iddie ganz no géinge beienee leien. Hien hätt Europa schonn ëmmer gär gehat an hätt gären d'Chance ergraff, fir Spëtzekandidat ze ginn, wéi seng Partei hie gefrot huet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.