"Et muss ee sech drun erënneren, datt Europa e Friddensprojet ass"
3 Méint virun den Europawalen war d'Anne Calteux e Freideg de Moien eis Invitée vun der Redaktioun.
Si ass d'Vertriederin vun der EU-Kommissioun hei zu Lëtzebuerg. Et wär wichteg, wielen ze goen. Wann een net wiele geet, géifen anerer dat fir ee maachen, an déi hätte villäicht eng aner Meenung, argumentéiert eis Invitée.
Et géif ëm d'Zukunft vun Europa goen, ëm déi Gesellschaft, wou ee wëll dra liewen, ëm Wäerter an ëm eis Demokratie. Rietspopulisten, déi Opdriff kréien, wären eng Gefor fir Europa. D'Vertriederin vun der EU-Kommissioun warnt och viru rietsextremen Desinformatiounscampagnen. Si wéilt awer verstoen, firwat Leit d'Populiste verstäerkt wielen. Wann ze vill riets Parteien am EU-Parlament séizen, géing et schwiereg ginn, sech op wichtegen Dossieren eens ze ginn, zum Beispill bei der Migratioun, dem Klimaschutz oder der Ënnerstëtzung fir d'Ukrain. Et misst ee sech och drun erënneren, wat Europa wär, an zwar e Friddensprojet.
Duerch den neien Asyl-Pakt hätt een dem rietse Bord de Wand aus de Seegele geholl, fënnt d'Anne Calteux. Dee géing de Länner eng gewësse Flexibilitéit ginn. Sou kéinte se entweder Leit ophuelen oder finanziell Contributioune maachen. Och d'Konzept vum sécheren Drëttstaat géif et scho méi laang ginn. Allerdéngs wier et wichteg, de Problem net ze verréckelen, dofir géif et och fir sougenannte sécher Drëttstaate Krittäre ginn. Wa Flüchtlingen an der EU ukommen, géife se gescreened ginn a kréiche séier Bescheed gesot, ob se bleiwe kënnen oder net. Wa se net bleiwe kéinten, géing dat och séier goen. Et wier wichteg, datt Europa solidaresch bleiwe géing. Et hätt ee 4 Milliounen ukrainesch Flüchtlingen opgeholl. D'Migratioun kéint och net nëmmen bannent der EU gereegelt ginn, mä wier e globaalt Phänomen.
Op dFro, ob de sougenannte Green Deal duerch déi rezent Krisen an den Hannertreff gerode wier, sot d'Anne Calteux, d'EU géif déi Beméiunge wëlle virundreiwen. De Kampf géint de Klimawandel wier weiderhin eng grouss Prioritéit.
D'Anne Calteux selwer war iwwregens vun der LSAP gefrot ginn, fir mat an d'Europawalen ze goen. De Wiessel an d’Politik hätt si awer net wëllen a si hätt dee Schratt och net bereit.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.