E Méindeg de Moie war d'Uni Lëtzebuerg Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Uni Lëtzebuerg huet rezent 20 Joer gefeiert an ass mat hire 6.000 Studente keng Massen-Uni, mee eng jonk, dynamesch a méisproocheg Universitéit, déi ganz am Zeeche vun der Fuerschung steet. Dat sot de Recteur Jens Kreisel de Méindeg de Moien am RTL-Interview. Aktuell huet d'Uni e Budget vun 300 Milliounen Euro.

Well Lëtzebuerg eng Exzellenz-Uni wëll sinn, wäert een d'Fuerschung an de Beräicher Gesondheet, Nohaltegkeet an Digitalisatioun weider ausbauen. Aktuell plangt een dofir en neie Recherchezenter am Beräich Nohaltegkeet, wou bis viru kuerzem en Appel à idées amgaange war. Bis spéitstens Mëtt vum Joer kéint ee soen, a wéi engem Beräich genee geschafft gëtt, erkläert de Jens Kreisel.

Zesummenaarbecht mat Google uviséiert

Wat d'Digitalisatioun ugeet, do géif aktuell e Lehrstuhl mat Google diskutéiert, dee sech mat Kënschtlecher Intelligenz (KI) an digitaler Ethik beschäftege géing. Aktuell huet d'Uni Lëtzebuerg schonn e puer privat Partnerschafte mat Pol Wurth an ArcelorMittal oder och nach Paypal. Dat géing engersäits Talenter op Lëtzebuerg zéien, awer och derfir suergen, dass d'Absolventen nom Ofschloss am Grand-Duché bleiwen. Aktuell wier dat bei ronn 60 Prozent de Fall.

Dass privat Entreprisen ze vill Afloss op d'Léier kéinten hunn, wier net de Fall, erkläert de Jens Kreisel. Och den Ëmgank mat KI gesäit de Recteur als grouss Chance an der Industrie, Fuerschung a Léier. D'Sécherheetsstandarden, wat den Ëmgank mat sensibelen Daten op der Uni ugeet, wieren héich an et wier ee vun Ufank un eng digital Institutioun gewiescht, déi dorunner gewinnt ass.

Chancëgläichheet: Fraen an der Fuerschung gebraucht fir d'Exzellenz

Eng Baustell bleift fir de Recteur awer d'Chancëgläichheet tëscht Fraen a Männer: Frae sinn zu Lëtzebuerg an der Fuerschung mat 25% ëmmer nach ënnerrepresentéiert an et géif nach net vill Professorinnen. Bei den Doktorande wier d'Verdeelung tëscht Fraen a Männer ongeféier d'selwecht. Allgemeng géif d'Uni probéieren, Fraen ze fërderen an ze encouragéieren, sech op Plazen ze mellen. Dat net nëmmen aus Grënn vun der Fairness, mee et bräicht een d'Fraen an der Fuerschung och fir den Exzellenz-Status ze erreechen, ënnersträicht de Jens Kreisel.

Logement: och fir d'Studenten e Problem

D'Uni Lëtzebuerg huet aktuell eng 1.000 Zëmmer fir 6.000 Studenten, wat relativ vill wier, ma duerch déi héich Präisser um fräie Marché hätten och d'Studenten et net einfach, eng Wunneng ze fannen. Aktuell wiere weider Bauprojeten um Campus Belval awer och zu Esch an an der Stad an der Diskussioun.

Invité vun der Redaktioun: Jens Kreisel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.