En Dënschdeg de Moie waren ënnert anerem d'Kris am Bausecteur an den Absenteismus Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir de Sozialdialog an de Betriber brauche mer keng Gewerkschaften. Deen Dialog ass all Dag an eisen Entreprisen tëscht dem Patron a senge Leit, sot en Dënschdeg de Moien de Luc Meyer, President vun der "Fédération des Artisans". Et wär net méi ubruecht, datt aus der Gewerkschaftszentral vun uewen erof decidéiert gëtt, wéi um Terrain geschafft gëtt. All Betrib wär anescht. D'Handwierker-Federatioun hat d'lescht Woch kommentéiert, datt bei de Sozialwalen an de méi klenge Betriber (mat manner wéi 100 Leit) zu 77% onofhängeg Delegéiert gewielt gi wären. Net Leit vum OGBL oder dem LCGB.

D'Mataarbechter wären d'Ambassadeure vun engem Betrib an et wär een op se ugewisen. De Salarié wär haut um laangen Hiewel, well gutt, qualifizéiert Mataarbechter gesicht ginn. Si kéinte sech eraus wielen, wouhinner se schaffe ginn. Beim Virstellungsgespréich kéint ee scho seng Fuerderunge stellen.

E Bonus-Malus-System fir de Salarié?

Den Absenteismus war och en Thema mam Invité vun der Redaktioun. Dem Luc Meyer no géifen d'Leit duebel sou vill feele wéi viru Corona. Et misst een nees op e verstännegen Niveau kommen, ouni déi Leit ze viséieren, déi wierklech krank sinn. De Luc Meyer ass fir méi e gerechte System, well déi éierlech Leit wären haut déi domm. Hie perséinlech kéint sech och e Bonus-Malus-System virstellen, wéi bei den Assurancen. Deen, deen ni feelt, soll méi belount ginn. Deen, dee méi krank wär, misst méi bezuelen.

Bausecteur an der Kris

De Bausecteur ass jo offiziell an der Kris. D'Hëllefsmesuren, déi vun der Regierung decidéiert goufen, gi begréisst. Mä et wéisst een nach net, ob se wierklech d'Nofro um Bau ukuerbelen. Schued wär, datt een dat lescht annerhalleft Joer net gelauschtert gi wär vun der aler Regierung. D'Kand wär méi déif an de Pëtz gefall an elo misst ee mat der neier Regierung all Hiewel a Beweegung setzen, fir d'Situatioun ze retten a Faillitten ze verhënneren.

De President vun der Handwierkerfederatioun hofft, datt et mat de schonn annoncéierten Hëllefen duergeet. Et kéint net sinn, datt een nëmme vun Hëllefe lieft. Et misst een nees an eng normal Situatioun kommen, wou ee keng staatlech Ënnerstëtzung brauch.

Invité vun der Redaktioun: Luc Meyer

Reaktioun vun de Gewerkschaften

D'Gewerkschafte géingen net hënneren, mä hätte mat dozou bäigedroen, dass d'Land sech konnt an dësem Mooss entwéckelen, seet de Partick Dury, President vum LCGB als Reaktioun op d'Aussoe vum Luc Meyer.

Zanter 30 Joer scho géing d'Diskussioun ëm den Absenteismus gefouert ginn, ëmmer an anerer Form.

Patrick Dury:"Éischtens brauche mer hei am Land eng Analys, wat den Absenteismus ugeet. Virum Covid schonn hu mer gesinn, dass 80 Prozent vun de Leit laangzäit krank sinn. Dat heescht, dass dës Leit schwéier krank sinn. An et kënnt net an d'Tut, dass mer déi Leit dann och nach kujenéiere mat iergendwelleche schlauen oder manner schlauen, fir net ze soe relativ dommen Iddien, déi do een am Kapp huet."

Zanter dem Covid géingen et wuel méi Erkrankungen an de Betriber ginn, dat well et wuel méi Viruserkrankunge géinge ginn. Mee wann ee Leit géing schaffen doen, déi krank sinn an d'Aarbechtskolleegen ustiechen, krit een den Absenteismus och net an de Grëff.

Den Zentralsekretär vum OGBL, de Jean-Luc de Matteis seet, den Taux vum Absenteismus wier d'lescht Joer erofgaangen. An awer...

Jean-Luc de Matteis: "Amplaz sech einfach op en Taux ze fixéieren, misst ee kucken, firwat d'Leit krank sinn. Sinn et Risques psycho sociaux, sinn et kierperlech Problemer? Wat si Situatiounen, déi d'Leit krank maachen? An do solle mer dru schaffen, dass d'Leit net krank ginn. An net d'Leit bestrofen, déi krank sinn."

Mat de Sécherheetsdelegéierte misst gekuckt ginn, fir d'Qualitéit op der Aarbechtsplaz ze verbesseren. Alles Sujeten, déi haut iwwerhaapt net géinge beschwat ginn. Dee vun der Präventioun wier iwwerdeems a ville Betriber e rout Duch.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.