E Mëttwoch de Moie war d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wéi muss sech d'Landwirtschaft entwéckelen, fir datt 2050 geschaten 9 Milliarde Mënschen eppes z'iessen hunn? Doriwwer hu mer e Mëttwoch de Moie mam éisträichesche Professer Werner Zollitsch geschwat. Hien ass de Chef vum "Zentrum für globalen Wandel und Nachhaltigkeit" un der Uni fir Bodenkultur (BOKU) zu Wien an als Unisprofesser en Expert, wat Nohaltegkeet an der Déierenhaltung ugeet.

Fleesch ok, awer manner a kucken, wou et hierkënnt

Jo, mir däerfe Fleesch iessen, och wann eis Nohaltegkeet an Déierewuel wichteg sinn. Mä mir musse manner Fleesch iessen. Op d'mannst een Drëttel manner, besser nach d'Hallschent oder am allerbeschten just nach een Drëttel. A mir sollte kucken, wou d'Fleesch hierkënnt a wéi d'Déier gehalen a gefiddert gouf.

Nohalteg Landwirtschaft ass net nëmme bio, mä do hätt een awer als Konsument oder Konsumentin eng gewësse Sécherheet. Konventionell Landwirtschaft kéint awer och nohalteg sinn, wa se net ze vill intensiv wär, zum Beispill wat d'Düngen ugeet oder Fudder vu baussen.

Zukunft vun der Landwirtschaft muss nohalteg sinn, fir jidderee sat ze kréien

De Professer Zollitsch ass dervun iwwerzeegt, datt nëmmen eng nohalteg Landwirtschaft an Zukunft d'Weltbevëlkerung kéint ernären. Mir misste manner Fläch verbrauchen a manner fossil Energien notzen. Haut géife mer Ressourcen - dacks fir Fudder - verbrauchen, déi mer u sech net ze gutt hunn an déi mer aneren ewech huelen. D'Liewensmëttelsécherheet wär eng Fro vun der Verdeelung.

Léiwer regional oder bio?

Soll een éischter en Apel aus Lëtzebuerg kafen oder den däitschen oder franséische Bio-Apel? De Professer mécht regional net un den nationale Grenze fest, mä gesäit et éischter an der Groussregioun. Mam Apel aus dem Südtirol zum Beispill, deen aus enger intensiver Landwirtschaft kënnt, huet hien awer Problemer, och well et sou wäit fort ass.

Eng ganz gutt Iddi fënnt den Nohaltegkeetsexpert eegent Geméis am Gaart oder um Balcon, dat natierlech net intensiv gedüngt gëtt. Oder souguer Hénger am Gaart, déi gutt gehale ginn. Sou géif een och nees e bessert Gefill kréien, wou d'Iessen hierkënnt.

Invité vun der Redaktioun: Prof. Werner Zollitsch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.