En Dënschdeg de Moie war den Horeca-Secteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et kann een haut nach absolut mat Succès e Restaurant oder Café féieren, mä et ass definitiv méi schwéier ginn, wéi virun 10 Joer, seet den neie Generalsekretär vun der Horesca, de Steve Martellini. Hien ersetzt no 15 Joer un der Spëtzt vun der Federatioun vun de Restaurateuren, Cafetieren an Hotelieren de François Koepp.

De Steve Martellini huet selwer zwee Restauranten, een zu Wuelessen an een an der Houschter-Déckt. D'Clientë wären do, gudden Ëmsaz kéint een och maachen, mä d'Marge – dat wat iwwreg bleift – wär einfach vill méi niddreg ginn. Haut léich d'Marge tëscht 3 a 5 Prozent, wann all d'Käschten ofgaange sinn. Fréier war ee bei 12 bei 15 Prozent gewiescht. Den Horeca-Secteur wär einfach vu ville Präishausse betraff. D'Energiekäschte wieren explodéiert, den Akaf wier vill méi deier ginn, d'Personalkäschte klammen. Wann elo nach d’Präisbrems um Stroum ewechfält an de Stroum bis zu 60 Prozent méi deier géif, dann hätt een nach ganz aner Problemer.

D’Personal wär d'Kapital vun enger Entreprise. E gudde Patron huet och gutt Personal. Mä wéi op ville Plaze feele Leit am Horeca-Secteur. Vill Betriber hätten een oder zwee Deeg zou, well se net méi genuch Personal fannen.

An de leschte Jore konnt een hei am Land e liicht "Cafés-Stierwen" gesinn, minus 8 Prozent. Reng um Gedrénks wär net méi genuch verdéngt. Op engem Béier vun 3,50 Euro wäre 17 Cent verdéngt. Ouni eng kleng Restauratiounskaart géif et kaum goen.

Entrevuë mam zoustännege Minister Delles an anere Regierungsvertrieder wieren awer gutt verlaf. Si géifen d'Probleemer am Secteur kennen. E Secteur, deen nach ëmmer Zukunft hätt, ënnersträicht de Steve Martellini.

Als neie Generalsekretär vun der Horesca, wat e bezuelte 40-Stonnenjob ass, wëll de Steve Martellini, datt d'Federatioun sech méi opmécht fir d'Memberen, hinnen hëlleft an zur Säit steet.

Eng vu menge Prioritéiten ass fir méi dobaussen aktiv ze ginn, seet de Restaurateur. Et kann een e Rendezvous bei der Horesca huelen, fir iwwer d’Problemer ze schwätzen. An hie wëll och emol de Mount op den Terrain, an e Betrib.

Invité vun der Redaktioun: Steve Martellini

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.