En Dënschdeg de Moie war d'Atomenergie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et misst ee weider kucken, wat d'Lëtzebuerger Regierung a Punkto Atomenergie "aktiv" wäert maachen. Dat huet de Roger Spautz vu Greenpeace en Dënschdeg de Moien hei op RTL ze bedenke ginn. Hien ass bei der Ëmweltorganisatioun zoustänneg fir d'Campagne géint d'Atomenergie. De Premier Luc Frieden hat virun 2 Wochen deklaréiert, d'Regierung wéilt d'Fuerschung an der Atomenergie ënnerstëtzen, mee war duerno zeréckgeruddert. Fir de Roger Spautz wier d'Positioun vu Lëtzebuerg an deem Beräich elo net méi esou kloer ewéi an der Vergaangenheet.

Datt de Luc Frieden sech oppen zur Atomenergie ausdréckt, dat hätt hien emol net am meeschten iwwerrascht, esou de Roger Spautz, deen op Deklaratiounen aus de Reie vun der CSV am Walkampf higewisen huet. Wat awer iwwerrascht hätt, dat wier, datt kuerz virum Frieden senger Ouverture, den Ausseminister Bettel nach zesumme mat anere Länner eng Deklaratioun géint d'Atomenergie ënnerschriwwen huet. Obwuel de Luc Frieden, wéi gesot, zeréckgeruddert ass, misst een dem Greenpeace-Aktivist no elo weider am A halen, wat d'Regierung "aktiv" wäert maachen. De Roger Spautz huet sech d'Fro gestallt, ob Lëtzebuerg op europäeschem Niveau weider géint Atomkraaft wier oder ob een eng Verlängerung vun der Lafzäit vu Cattenom weider wéilt verhënneren.

De Roger Spautz huet och all d'Argumenter géint d'Atomenergie rappelléiert. Och déi géint d'Verlängerung vun der Lafzäit. Ofgesinn dovunner, datt dat d'Gefor géing erhéijen, huet de Greenpeace-Aktivist drop higewisen, datt een eng al Zentral net op den technologesche Niveau vun enger neier kéint bréngen. Donieft wier de Problem vum radioaktiven Offall net geléist an och net dee vun der energeetescher Onofhängegkeet. Et bräicht een nach ëmmer Uran aus Länner ewéi Russland, Kasachstan, dem Niger oder Kanada.

Wat de Recyclage vum Uran ugeet, op dee Frankräich verstäerkt wëll setzen, sot de Roger Spautz, datt een net onendlech kéint recycléieren. Et géing ëmmer neien Uran gebraucht ginn an Offall iwwereg bleiwen. Méi wäit huet hien zouginn, datt den CO2-Bilan vun Atomreaktere besser ass ewéi dee vu Kuelekraaftwierker. Mä fir de Roger Spautz misst méi op d'erneierbar Energië gesat ginn. Den Energiemarché wier jo oppen an all Land, all Industrie, mee och eenzel Persoune kéinten decidéieren, bei wéi engem Händler si wéi eng Energie kafen. Och wa Lëtzebuerg aktuell 80 % vu senger Energie aus dem Ausland importéiert, sou ass de Roger Spautz iwwerzeegt, datt déi erneierbar Energien et eleng kéinte maachen. Hie gesäit Potential beim Ausbau oder bei Effizienzgewënner an der Wand- a Solarenergie.

Invité vun der Redaktioun: Roger Spautz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.