Den nationale Schutz huet sech déi lescht Jore "verbessert"
En Donneschdeg de Moie ware Cyberattacken Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Rezent Cyberattacken, de Risiko vun eventuellen Terrorattacken oder Pandemië wéi déi vum Covid-19: et sinn um Enn Gefore fir d'Biergerinnen a Bierger. Ma den nationale Schutz hätt sech déi lescht Jore verbessert, huet den neien Haut Commissaire à la protection nationale en Donneschden de Moien hei um Radio betount. De Guy Bley war Invité vun der Redaktioun.
De Guy Bley huet betount, dass den Haut Commissariat à la protection nationale wéinst de rezente Cyberattacken op staatlech Internetsitten den entspriechenden Interventiounsplang declenchéiert huet. Et wäre keng Systemer ugegraff a keng Donnéeë geklaut ginn. Déi lescht 24 Stonne wär et iwwerdeems roueg gewiescht. Den Haut Commissaire à la protection nationale wollt net soen, wien hannert de Cyberattacken déi lescht Woche steet. Et wéilt een den Täter de Gefalen net maachen, hinne Pub ze maachen, esou de Guy Bley.
Lëtzebuerg huet zanter 2015 den Anti-Terror-Plang mam Numm "Vigilnat". Dora ginn et verschidden Niveaue vu Menacen an entspriechend Mesuren. Reegelméisseg kéim e Koordinatiounsgrupp zesummen, erkläert den Haut Commissaire à la protection nationale. Aktuell ass ee weider um zweeten Niveau vu véier. An anere Wieder: et gëtt wuel eng Gefor, mee keng imminent oder konkret.
Den HCPN ass responsabel, fir d'kritesch Infrastruktur vum Land géint potenziell Geforen ze schützen. Dofir géif ee mat de Responsabelen aus verschiddene Secteure kucken, déi essentiel Infrastruktur zum Beispill an de Beräicher Stroum- a Waasserversuergung oder nach Spideeler z'identifizéieren. Déi Acteure kréichen da vum HCPN och Recommandatiounen, wéi een déi Infrastrukturen nach besser protegéiere kann.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.