E Méindeg de Moie goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Lëtzebuerger Sprooch.

Et gëtt Leit, déi léiere Lëtzebuergesch, an hunn dono kaum d’Méiglechkeet, et ze benotzen. Et gëtt awer och Beruffsplazen, wou een op d’mannst e bësse Lëtzebuergesch misst kënnen. Där Meenung ass de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch Pierre Reding. Besonnesch am Beräich vun der Fleeg wier et wichteg, dass d'Personal op d'mannst e wéineg Lëtzebuergesch kann. Wéi dat genee kann ëmgesat ginn, misst nach gekuckt ginn. Fir d'éischt ginn entspriechend Coursen ausgeschafft, fir déi verschidde Secteuren.

Eng Méiglechkeet ass et, d'Coursen an d'Aarbechtszäit ze integréieren, dat wier bei verschidde Patronen och schonn de Fall. De Pierre Reding ass sech bewosst, dass et als erwuesse Persoun net einfach ass, no der Aarbecht eng nei Sprooch ze léieren. Ma et géing och guer net dorëms goen, d'Sprooch perfekt ze kënnen, esou eisen Invité. De Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet betount, dass d'Coursen dowéinst missten un den Aarbechtsalldag ugepasst ginn, fir dass d'Leit dat léieren, wat si och am Alldag brauchen. An doduerch dann och dat wat si léieren, direkt kënnen applizéieren. "Et muss een de Renert net kënnen, fir als Infirmière ze schaffen".

D'Sprooch lieweg halen ass eng Aufgab fir déi ganz Gesellschaft

De Pierre Reding huet dann och gesot, dass jidderee gefuerdert ass. Vill ze dacks géinge mir direkt an eng aner Sprooch wiesselen, wa mir mierken, dass eng Persoun net esou gutt Lëtzebuergesch kann. Dat wier net sënnvoll, well et esou da fir déi aner Persoun méi schwéier ass d'Sprooch ze léieren.

D'Sproochepolitik wier eng gesellschaftspolitesch Fro – a grad Lëtzebuerg géif sech do perfekt eegenen, well hei geliefte Méisproochegkeet praktizéiert gëtt. Et geet net dorëms, Leit auszeschléissen, mee duerch eng gemeinsam Sprooch méi zu enger Gemeinschaft ze ginn.

D’Lëtzebuerger Sprooch visibel maachen, am Ausland an och hei am Land, wier e wichtegen Defi an Deel vu sengen Aufgaben. Et wier net normal, dass Leit an Däitschland nach ëmmer denken, dass hei hollännesch geschwat gëtt, sou de Pierre Reding.

Fir den nächsten Zensus wënscht sech de Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch, dass d'Statistik dann och méi ausseet. Et géing een den Ament mam Statec un der Froestellung schaffen, well d'Fro no der "éischter Sprooch" net vill géing aussoen. Och wa manner wéi d'Hallschent vun de Leit Lëtzebuergesch als éischt Sprooch - also där Sprooch an där si denken - uginn hunn, bedeit dat net, dass a Wierklechkeet net méi Leit Lëtzebuergesch kënnen. Fir den nächste Sondage wier et wichteg, dat ze consideréieren. Fir dass wierklech kann erhuewe ginn, wéi vill Leit Lëtzebuergesch kënnen an et an hirem Alldag notzen.

Invité vun der Redaktioun: Pierre Reding

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.