En Donneschdeg de Moie war d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et gëtt immens vill Aarbecht an der Landwirtschaftskammer geleescht, mä se kënnt net ëmmer beim Bauer, Wënzer a Gäertner un. Mir wollten dat änneren an et aneschters maachen. Dat sot de Christian Hahn en Donneschdeg de Moien um RTL-Mikro. Den neie President vun der Landwirtschaftskammer ass fir d'éischte Kéier iwwerhaapt een Onofhängegen also een, deen net Member vun der gréisster Gewerkschaft, der Bauerenzentral, ass.

Invité vun der Redaktioun: Christian Hahn

De Christian Hahn gëtt zou, dass d'Landwirtschaftskammer de Ruff hat, dass se vereelzt opgestallt wier an et hätt ee gesinn, dass elo immens vill Jonker gewielt goufen. Dat wier e wichtegt Zeechen. "Et geet mir extrem drëm, déi Landwirtschaft komplett no baussen ze vertrieden", sou den Invité. Do wieren och d'Bio-Baueren abegraff. Et misst ee fortkomme vum Gruef tëscht konventionelle Baueren a Bio-Baueren. An et sollt een ophalen, politesch Fuerderungen ze stelle wéi "x Prozent Bio-Baueren a souvill Joer". Et wier wichteg, ze kucken, wou vill Bio vum Konsument gefrot gëtt an d'Produktioun an deene Sparten ze promouvéieren. Et hätt zum Beispill kee Wäert, d'Bio-Mëllech ze fërderen, wann déi net vill konsuméiert géif.

Gemeinsam no vir misst also d'Devise am Secteur sinn. Eng Eenheetsgewerkschaft am Agrar-Secteur wier dofir duerchaus eng Iddi, déi hie géif ënnerstëtzen, wann et an déi Richtung sollt goen, seet de Christian Hahn. Hie géif och déi rezent Protestaktioune vu Baueren an Europa verstoen an hätt och d'Solidaritéitsaktioun vun de Jongbaueren hei am Land ënnerstëtzt.

D'Schaffe misst sech lounen, an dat wier op ville Plazen eben net méi de Fall. Hei am Land hätt een allerdéngs eng aner Situatioun wéi an eisen Nopeschlänner. Et géif déi méi direkt a kuerz Weeër ginn, wat dem Secteur nëmme kéint hëllefen, sou den Invité.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.