E Méindeg de Moie waren d'Mënscherechter Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’konsultativ Mënscherechtskommissioun (CCDH) verurteelt déi méi restriktiv Asylpolitik zu Lëtzebuerg ganz schaarf. Déi viregt Regierung hat decidéiert, Männer, déi eleng ënnerwee sinn an eng Asyldemande an engem aneren EU-Land scho gemaach hunn, keng Plaz méi a Strukturen ze ginn. Déi nei Presidentin vun der CCDH, d’Noémie Sadler, sot e Méindeg de Moien hei op RTL, si wier net domadder averstanen, datt d’Regierung dat hätt "missen" decidéieren. Datt déi Männer op Waardelëschte kommen, dat wier op de strukturelle Problem zeréckzeféieren, datt d’Regierungen zanter Joerzéngten et verpasst hätten, méi Strukturen ze schafen. Fir si wier et net d’Léisung, deene Leit kee "waarmt Bett" ze ginn, mee se a voller "Dignitéit" z'empfänken.

D’Presidentin vun der CCDH gesäit momentan e "Wand, dee méi vu Riets kënnt" an et wier wichteg "dogéint ze kämpfen". Firwat d’EU an och Lëtzebuerg hir Asyl- a Migratiounspolitik verschäerfen, féiert d’Noémie Sadler dorobber zeréck, datt populistesch Discoursen a schlechten Zäite méi vun de Leit géinge gedroe ginn. Wa Politiker da soe géingen, se géingen "d’Dieren zoumaachen", da kéim dat och gutt un. D’Erfarung hätt awer gewisen, datt dat net d’Léisung wier, an d’Immigratioun allgemeng d’Gesellschaft géing "beräicheren".

D’Aussoe vum CSV-Politiker Marc Lies iwwert d’Asyldemandeure si fir d’Noémie Sadler och "immens bedenklech" a "scho schro". Deen hat d’Asylpolitik vum viregten Ausseminister Jean Asselborn fir Verbriechen a senger Gemeng Hesper verantwortlech gemaach. "Et gi sécher an all System ëmmer Leit, déi abuséieren, d’Fro ass elo, däerf een déi 99 bestrofe wéinst deem Engen, deen abuséiert?", esou d’’Presidentin vun der CCDH. Si huet nach eng aner Fro opgeworf: "Frust ass do, iwwer Frust kann ee schwätzen, et ass just wéi een doriwwer schwätzt". Wann een net averstanen ass mat der Migratiounspolitik, da kéint een an hiren Ae ganz "sachlech" doriwwer diskutéieren.

Mënscherechter – Status Quo «gutt», mee...

Allgemeng wier de "Status Quo" a Punkto Mënscherechter, der Presidentin vun der CCDH no, "gutt» hei am Land. Zemools wann een et géing mam Ausland vergläichen. D’Noémie Sadler huet Fortschrëtter begréisst, ewéi den "intérêt supérieur" vum Kand an der Verfassung. Et géing nach ëmmer "punktuell" Saache ginn, déi ee misst verbesseren.

Wat de Mënschenhandel ugeet zum Beispill, géing et dem Noémie Sadler no scho streng Strofen am Gesetz ginn, wann et "Circonstances aggravantes" ginn. An der Praxis wieren déi awer schwéier ze beweisen, an da wieren d’Strofe manner héich ewéi bei anere Strofdoten. Donieft huet si sech gefrot, wat déi Strofe bréngen, wann d’Prozedur heefeg jorelaang géing daueren.

Vill méi huet d’Presidentin vun der CCDH d’Indemnitéite fir d’Affer vu Mënschenhandel kritiséiert, déi extrem niddreg wiere par Rapport zu deem wat d’Affer duerchgemaach hätten.

Invité vun der Redaktioun: Noémie Sadler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.