Dëse Budget verdéngt den Titel: "Mat Schwong an d'Ongewëssheet"
E Méindeg de Moie war de Staatsbudget Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mat Schwong an d'Ongewëssheet." Sou géif de Franz Fayot de Staatsbudget nennen, iwwert deen dës Woch an der Chamber debattéiert an ofgestëmmt gëtt. Als eisen Invité vun der Redaktioun huet den LSAP-Deputéierten e Méindeg de Moie kritiséiert, dass et kee Plang B géif ginn. Et wier e Budget, deen op e quantitative Wuesstem géif setzen, mat all de Probleemer, déi dat mat sech bréngt. De Fokus géif komplett op der Wirtschaft leien. D’Aarmutsbekämpfung, déi eigentlech als Prioritéit ugekënnegt gouf, awer och d'Ëmwelt, géife vernoléissegt ginn.
CSV-DP Regierung gräift an d'Trick-Këscht
E grousse Kritikpunkt vum LSAP-Politiker ass och, dass zwar grouss annoncéiert gëtt, dass den Defizit géing erofgoen, mee et wier einfach net kloer, wou soll agespuert ginn. D'Ministere konnten net dorop äntweren an och d’Cour des comptes hätt confirméiert, dass keng Aspuerungen do wieren. Dat wier eng Annonce fir ze weisen, dass een am Géigendeel zu anere Regierunge responsabel wier. Allerdéngs géing d’CSV-DP Regierung hei an déi üblech Trick-Këscht gräifen, wéi dat dacks géing gemaach ginn. Zum Beispill wier den Defizit vill méi héich ugesat ginn, fir dann duerno kënne ze soen et hätt een besser geschafft wéi erwaart.
Wou gëtt dann elo gespuert?
Et géing natierlech stëmmen, dass d’Depensen an de leschte Joren an d’Luucht gaange sinn. Duerch déi sëllege Krisen, d’Pandemie, de Krich an der Ukrain an Tripartitte mam Solidaritéitspak wier den Defizit geklommen. Mee et wier wichteg gewiescht dat ze maachen, fir d’Kafkraaft vun de Leit ze stäerken. D’Annonce, dass elo bei de Fonctionnementskäschte vum Staat soll gespuert ginn, fënnt den Deputéierte couragéiert. Grad well ee gesinn hätt, dass d’Besoine beim Staat wuessen, besonnesch bei der Police an an der Educatioun. Dofir misst een dann och präzis sinn a soen, wou een da wéilt spueren, kritiséiert de Franz Fayot. Hie wier skeptesch, wa géing vun engem ze vill décke Staat geschwat ginn. Et bräicht een effikasse Staat, sou de fréiere Minister.
De Budget wier ëmmer eng Spigelung vun enger Politik. Hei géing op Investisseure gesat ginn a Betriber entlaascht ginn. De Fokus géing eenzeg an eleng op der Wirtschaft leien. Dat géing d’Bild vun der Lëtzebuerg SA an hirem CEO, dem Premier Luc Frieden, confirméieren, deen d’Land als Businesszenter géing gesinn. De Rescht, also wat mat de Leit oder der Gesellschaft geschitt, wier dogéint keng Prioritéit, sou d'Kritik vum Sozialist Franz Fayot.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.