En Dënschdeg de Moie war de "European State of Climate" Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zu Genf gouf e Méindeg den Europäesche Klima-Rapport presentéiert. Ee Constat ass, dass den europäesche Kontinent sech am séiersten erwiermt, an zwar ëm 0,5 Grad pro Joerzéngt. An der globaler Moyenne wieren et just 0,2 Grad. Grond wieren net méi héich CO2 Wäerter, mee ënnert anerem, duerch déi speziell Wiederkonditiounen hei um Kontinent a well d'Arktis am Rapport an d’Regioun vun Europa mat abezunn gëtt. D’Arktis ass jo bekanntlech déi Regioun, déi sech am séiersten erwiermt, erkläert den Andrew Ferrone. De Klimatolog a Chef vum ASTA-Meteo-Service am Landwirtschaftsministère, war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

5 Canicullen a 5 Joer

D’Konsequenz vun dëser Erwiermung ass, dass d’Wieder-Extremer an d’Luucht ginn. Also misst ee sech un extreem Hëtzt oder extreeme Reen quasi gewinnen - och zu Lëtzebuerg. Vun den 30 stäerksten Canicullen, déi an Europa zanter 1950 gemooss goufen, wieren der 25 nom Joer 2000 opgetrueden a 5 an deene leschte 5 Joer.

Och bei den Néierschléi géing een dat gesinn. Zejoert hätt et 7 Prozent méi gereent. Wann d’Loft méi waarm ass, ka se méi Fiichtegkeet ophuelen. An well d’Mierer och méi waarm waren, ass méi Waasser verdonst an et huet méi gereent, erkläert de Klimatolog.

Äerderwiermung hutt elo schonn een Impakt op de Mënsch

Den European State of the Climate ass e wëssenschaftleche Rapport a gëtt deemno keng Recommandatiounen. Et ginn awer Pisten opgewisen a wéi eng Richtung ee kéint goen. Souguer wann een d’Äerderwiermung kéint op 1,5 Grad limitéieren, huet dat een Impakt op d’Natur an op de Mënsch. Do misst ee sech adaptéieren. Dofir gouf am Rapport och de Secteur vun der Santé gekuckt. Et misst een d’Leit virwarnen, virop wann Hëtztwellen kommen. Och an de Stied misst ee preventiv Mesuren huelen, well ee ganz däitlech géing gesinn, dass sech Stied méi séier erwiermen. Do wiere virop gréng Flächen enorm wichteg, well zoubetonéiert Plaze géinge sech däitlech méi séier erhëtzen.

Neien Klima-Adaptatiounsplang

Zu Lëtzebuerg gëtt an dem Kontext un engem neien Adapatiounsplang geschafft. Dat ass e Plang vun der Regierung, wéi mer eis un de Klimawandel an d'Konsequenze vum Klimawandel am Grand-Duché kënnen upassen. Et gëtt ee fir d'Joer 2018-2023 an deen neien, dee wäert elo iwwert déi nächst 10 Joer lafen. Als President vum Lëtzebuerger Observatoire iwwer d’Klimapolitik wier hie bei der Ausschaffung derbäi, genee wéi verschidde Ministèren. An dem Plang géinge vill Secteuren ofgedeckt ginn, vun der Santé, iwwer d’Landwirtschaft an de CGDIS bis hin zur Landesplanung an de Beräich Wunnen. Och d’Bierger solle mat agebonnen ginn. Am Summer dierft et eng consultation publique ginn an Enn des Joers kéint de Rapport da virgestallt ginn, erkläert den Andrew Ferrone.

Invité vun der Redaktioun: Andrew Ferrone

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.