"Wann ee bezuelt gëtt, fir ze schaffen, da muss een och schaffen"
E Mëttwoch de Moie war d'Lëtzebuerger Industriellefederatioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mir si frou, datt mer mat der neier Regierung op enger Linn sinn, wat d'Objektiver an och de Wee dohinner ugeet." Dat sot de Georges Rassel de Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Den Ingenieur a fréiere Chef vu Paul Wurth, deen nach ëmmer do schafft, ass zanter en Dënschdeg a fir déi nächst 5 Joer den neie President vun der FEDIL, der Lëtzebuerger Industriellefederatioun.
Nei Nischen ausbauen
Et wier ee sech eens, datt d'Industrie wichteg wier fir d'Lëtzebuerger Ekonomie an datt dës op nei Nische soll setzen: Kënschtlech Intelligenz zum Beispill. Do ginn et schonn éischt Firmen am Land. Wichteg wier och, de Betriber ze weisen, wéi si d'KI kéinten asetzen. Am Kontext vun der KI géif och den Date-Management ëmmer méi wichteg ginn. Dowéinst wier en Datenzenter vu Google zum Beispill ze begréissen. Och aner Hightech-Beräicher missten ausgebaut ginn.
Héich Logementspräisser sinn e grousse Problem
Terraine fannen an Autorisatioune kréien, wier schwiereg fir d'Betriber. Gutt wär awer emol, datt de Problem vun der Regierung erkannt gi wier. D'Talenter misst ee weider unzéien an zu Lëtzebuerg halen. E grousse Problem do: déi héich Logementspräisser. Hei missten nohalteg Léisunge fonnt ginn, am Sënn vun der Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg.
Kris am Bau: hoffentlech den Déifpunkt erreecht
De Bau ass jo offiziell an der Kris. Et gëtt manner gebaut a verkaf. Et hofft een, datt een den Déifpunkt erreecht hätt an datt d'Mesurë vun der Regierung gräifen. An datt ee lues aus deem Lach géif erauskommen. Et wär een awer nach wäit ewech vun enger Situatioun, déi zefriddestellend wär.
Absenteismus kee generelle Problem
Ugangs des Joers hat d'Virgängerin vum Georges Rassel, d'Michèle Detaille, den Absenteismus als grousse Problem ervirgestrach a Propose gemaach, ënnert anerem de Karenzdag nees an d'Spill bruecht. Den neie President sot, den Absenteismus wär u sech kee generelle Problem. Et géif ëmmer Fäll ginn, wou Abus bedriwwe gëtt an do misst ee kucken, wéi een dat verhënnert kritt. Op béide Säite misst ee säin "Kontrakt anhalen". Wann ee bezuelt gëtt, fir ze schaffen, da muss een och schaffen an net all Ausried sichen, fir net mussen ze schaffen. Sou de FEDIL-President Georges Rassel.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.