"Et geet ëm d'Zukunft vun eise Kanner"
En Donneschdeg de Moie war déi international Aktualitéit Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
19 Joer laang war de Jean Asselborn Lëtzebuerger Ausseminister. Elo ass hien an der politescher Pensioun, awer nach vill ënnerwee fir Virträg an Diskussiounen. En Donneschdeg de Moie war de fréieren LSAP-Politiker eisen Invité vun der Redaktioun.
"Et geet, graff gesot, ëm d'Zukunft vun eise Kanner", sot de Jean Asselborn en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun zu den Europawalen, déi a genee 6 Wochen ufänken. Mir konnten elo bal 80 Joer a Fridden hei liewen, huet de fréieren LSAP-Politiker a Lëtzebuerger Ausseminister ënnerstrach. Ma et géif Parteie ginn, déi dat gemeinsaamt Europa wëlle futti schloen. Deenen dierft ee keng Stëmm ginn.
Kee Versteesdemech fir Ruanda-Modell vun der EVP
De Jean Asselborn huet och guer kee Versteesdemech fir d’Iddi vun der EVP, zur där jo och d’CSV gehéiert, fir méi e strenge Migratiounssystem mat Asylprozeduren an engem Drëttstaat, änlech wéi de brittesche Ruanda-Mechanissem. Dat géif géint all europäesch Wäerter verstoussen.
Europa muss der Ukrain weider hëllefen
Zum Ukrainkrich sot de Jean Asselborn, datt wa mer d'Ukrain net weider massiv ënnerstëtzen, géif de Putin viru Polen stoen. Et misst een der Ukrain hëllefe sech ze wieren. Net fir unzegräifen. D'Blutt, dat an der Ukrain fléisst, géif och fir d'Fräiheet vun Europa fléissen.
Noen Osten: Fridde just mat Zwou-Staate-Léisung
Am Noen Osten ënnerstëtzt de fréieren Ausseminister ganz kloer eng Zwou-Staate-Léisung. Ouni déi géif et kee Fridde ginn. Datt Israel sech no der Terrorattack vun der Hamas wiert, wär normal. Mä et bräicht een elo eng politesch Léisung. D’Militärgewalt misst ophalen an e Waffestëllstand an humanitär Hëllef missten d’Zil sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.