"Et geet net nëmmen drëms, fir eng Finanzplaz a Steieroasen ze kreéieren"
E Freideg de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Et geet net drëms, fir eng Finanzplaz a Steieroasen ze kreéieren", dat sot de Moien d'Co-Spëtzekandidatin vun der LSAP fir d'Europawalen Danielle Filbig als eis Invitée vun der Redaktioun. D'Sozialisten trieden an der Campagne derfir an, a verschiddene Beräicher d'Vetorecht an der EU a Fro stellen. An der Aussepolitik an eben awer och a Steierfroen. Och wann dat géint d'Interessie vun der Lëtzebuerger Finanz- a Fongeplaz kéint sinn. "Ganz wichteg Dossieren" géifen op der Streck bleiwen, wann ee Land mat sengem Veto alles blockéiere kann, sou déi jonk Spëtzekandidatin, déi zejoert fir d'Sozialisten an de Gemengerot op Rammerech gewielt gouf. Vun engem fairen a gerechte Steiersystem wier een den Ament nach wäit ewech.
Och den DP-Europadeputéierten a liberale Spëtzekandidat Charel Goerens gesäit de Prinzip vun der Eestëmmegkeet kritesch. An der Chamber huet seng Partei sech allerdéngs zesumme mat der CSV an der ADR an enger Motioun derfir ausgeschwat. Lëtzebuerg dierft d'Unanimitéit op kee Fall a Fro stellen.
D'LSAP trëtt an dëser Campagne virun allem fir méi eng sozial a méi eng gerecht Politik an. Net well de sozialistesche Kommissär Nicolas Schmit déi lescht Joren näischt gemaach hätt. De Kommissär fir Beschäftegung a Soziales hätt notamment ganz vill fir en europäesche Mindestloun gemaach, sou d'Danielle Filbig. Mä um Niveau vun de gerechten Aarbechtskonditiounen an der EU wier zum Beispill nach Loft no uewen.
D'EU ass mam Migratiounspak um ganz falsche Wee
D'Co-Spëtzekandidatin bleift da bei hirer kritescher Haltung vis-à-vis vum europäeschen Asyl- a Migratiounspak. Si hätt deen net matgestëmmt, huet d'Politkwëssenschaftlerin nach emol bei eis op der Antenn widderholl. Hire Parteikolleeg Marc Angel hätt och nëmme mat vill Bauchwéi derfir gestëmmt, fir op d'mannst iergendeng Basis ze hunn. Mä fir si géif dat, wat um Dësch läit, d'Mënscherechter net respektéieren an einfach net wäit genuch goen. Och wann een an der selwechter Partei ass, kéint een ëmmer Mol Differenzen hunn. Et wier ze einfach, wann een ëmmer déi selwecht Meenung hätt.
"Et huet nach kee gesot, datt en et net géif unhuelen"
Hir eege Chancë fir d'Europawale gesäit d'Danielle Filbig realistesch. Si géif dës Campagne als Co-Spëtzekandidatin fir d'alleréischt als Chance gesinn. Sollten d'Wieler a Wielerinnen hir den 9. Juni d'Vertraue ginn, géif se natierlech hiert Mandat zu Stroossbuerg a Bréissel unhuelen. Dat wier ganz kloer.
Aner Kandidate wéi de Mars Di Bartolomeo an d’Liz Braz hu sech do jo a rezenten Interviewen éischter bedeckt gehalen. E klore "Jo" war vun den zwee Politiker, déi am leschte Politmonitor vu der Ilres fir RTL an d'Wort op der éischter respektiv der drëtter Plaz louchen, huet ee bis elo nach net héieren. Et hätt awer och nach kee gesot, datt en et net géif unhuelen, huet d'Invitée vun der Redaktioun geäntwert.
Et wier an alleréischter Linn drëms gaangen, fir sou eng staark Lëscht wéi méiglech opzestellen. Dës Walen wiere fir d'LSAP eminent wichteg. An et wier een och immens houfreg, datt 3 vun de Kandidate beim leschte Politmonitor an der Top 5 sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.