D'Gefor vun Desinformatioun ass grouss
En Dënschdeg de Moie war d'Gefor vun der Desinformatioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Gefor vun Desinformatioun ass grouss. Dat hätt zum Beispill de Stuerm op de Kapitol am Januar 2021 zu Washington gewisen. Se wieren der Meenung gewiescht, déi Wale wiere vun hinne geklaut ginn a si wiere bedru ginn. Dobäi ware se einfach just duerch Desinformatioun opgestëppelt ginn. Dat huet de Romain Schroeder en Dënschdeg de Moien erkläert. De Coordinateur vum Service Educatif beim Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) war eisen Invité vun der Redaktioun.
Desinformatioun ass eng bewosst Täuschung
Schonn 2013 hätt de Weltwirtschaftsforum a sengem World Risk Report eng Oplëschtung gemaach vu Gefore fir eis Gesellschaft: Online-Desinformatioun wier do mat derbäi gewiescht. Desinformatioun heescht express, iwwer länger Zäit falsch Noriichte verbreeden, fir bewosst ze täuschen. Dacks géing eng Desinformatioun och wéi eng richteg Noriicht ausgesinn an dat géing se duebel oder dräifach geféierlech maachen. Duerch KI, also Kënschtlech Intelligenz, géif d'Gefor vun Desinformatioun weider wuessen. Desinformatioun wier och net ze vergläiche mat enger falscher Recherche oder engem Mëssverständnes. Derhannert stiechen dacks politesch Acteuren, déi een Interêt drun hätten, fir hire Géigner ze diskreditéieren. Oder Leit, déi Zweiwel u Fakte wëlle streeën, respektiv d'Vertrauen an demokratesch Institutioune wëllen zerstéieren.
Factchecking a Mediebildung
Fir géint Desinformatioun virzegoen, misst een op verschiddenen Niveaue parallel agéieren, erkläert de Coordinateur beim Zenter fir politesch Bildung. Virop wier de Factchecking e wichtegt Element. Do ginn et Reseauen, wéi zum Beispill den EDMO, wou europawäit Informatioune gepréift ginn.
Donieft misst och onbedéngt um legale Kader geschafft ginn. An den USA wieren zum Beispill Kloe wéinst Diffamatioun ganz effikass. Mee beim Factchecking oder och beim juristesche Kader wier een allerdéngs ëmmer den Zweeten an der Course. Fir d’éischt wier eng falsch Info dobaussen an déi géing scho Schued uriichten, dofir wier et wichteg och preventiv ze schaffen.
Stéchwuert Mediebildung. Dat awer net just fir Jonker. Well et wieren ebe grad Leit iwwer 45 Joer, déi déi meeschte Falsch-Noriichte verbreeden. Déi kéint een duerch Formatiounen an Entreprisen, iwwer Elterevereenegungen a Veräiner erreechen.
An e leschte wichtege Punkt wier dat direkt Gespréich ze siche mat Leit, déi falsch Informatiounen oder Verschwörungstheorië verbreeden, erkläert de Romain Schroeder.
Pouvoir vun de soziale Medien a Fro stellen
Déi sozial Medien hunn een enormen Afloss op déi ëffentlech Meenungsbildung an och dat misst a Fro gestallt ginn, gëtt den Invité ze bedenken. D'Entreprise Meta, déi Facebook an Instagram regroupéiert, erreecht eleng an der EU ronn 250 Millioune Leit, vu ronn 400, déi walberechtegt sinn.
Dräi Deeg no der Attack vu Russland op d'Ukrain hätt Meta zum Beispill decidéiert, dass een an der Ukrain a Moldawien an an anere Länner an der Regioun, dem Putin dierft den Doud wënschen. A Frankräich, Däitschland, der Belsch an hei am Land awer net. Dat heescht eng privat Entreprise, ouni demokratesch Legitimatioun, hätt de Kanäl opgemaach fir Kommunikatioun, an hätt deemno entscheet, wat däerf gesot ginn a wat net. Dat wier en enorme Pouvoir fir eng ëffentlech Debatt ze beaflossen, an dat misst een a Fro stellen, an do misst d'Politik intervenéieren. Op EU-Niveau wier mam Digital Services Act een éischte Schrëtt gemaach, mee dat géing net duergoen, esou de Romain Schroeder.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.