E Mëttwoch de Moie waren déi kommunistesch Iddie vun der KPL an d'Europawalen Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi lescht Joerzéngte stoung d'EU nëmme fir sozialen Ofbau an Oprëschtung, huet den Ali Ruckert am RTL-Interview e Mëttwoch de Moien als Europa-Spëtzekandidat vun der KPL kritiséiert.

D'EU géif fir d'Interessie vun de Konzerner an de Banke stoen, net fir d'schaffend Leit. D'Kommuniste sinn net fir en EU-Austrëtt, mä si wéilten eng ganz aner Struktur. Wann hie géif gewielt gëtt, géif hien natierlech an d'EU-Parlament goen, fir do fir seng Iddien ze kämpfen. D'Europaparlament hätt awer näischt ze soen, d'EU par konter ze vill den eenzele Länner.

Millioune Mëschen an der Unioun hätte keng Schaff a wieren an enger sozial ganz schwiereger Situatioun. D'EU géing hir Suergen net eescht huelen, dofir géingen d'Leit ëmmer méi bei populistesch a rietsextreem Parteie goen.

D'EU wier och keng Friddensunioun méi. Si hätt sech ëmmer méi a Kricher agemëscht, wéi zum Beispill an den Ukrain-Krich. D'Ukrain dierft net méi militäresch ënnerstëtzt ginn, seet d'KPL. Wann ee méi Waffe liwwert, géing et och méi Krich ginn. Lëtzebuerg misst eraus aus der NATO. "Mir sinn net fir Russland, mir si fir de Fridden", erkläert de Kommunist Ruckert. Et stéing een net op der Säit vu Russland. Senger Meenung no hätt et net zu deem Krich misse kommen. Um Verhandlungsdësch misst een eng Léisung fannen, mä dat wär net gewollt.

D'KPL krut bei de leschte Chamberwalen 0,64 % vun de Stëmmen. Bei den Europawalen 1,14 %. Bei de leschte Walen hu mer ganz schlecht ofgeschnidden, gëtt den Ali Ruckert zou, deen haut 69 Joer al ass a mat 16 an déi kommunistesch Partei agetrueden ass. Seng Partei hätt net déi Moyene wéi aner Parteien. Vun der Regierung géing ee kee Su kréien. Baussent dem Walkampf géing een och net fir Interviewen invitéiert ginn a sou wär et schwéier, fir d'Iddien un de Mann oder d'Fra ze bréngen, fënnt den Ali Ruckert.

Invité vun der Redaktioun: Ali Ruckert

All d'Lëtzebuerger Kandidate fir d'Europawale fannt Dir hei:

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.