EU-Reegele Jo, mä gemeinsam Reegelen a manner dropsetzen
En Donneschdeg de Moie waren d'Industrie an d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Europa misst sech zeréck besënnen, op wat virun 10 Joer besser funktionéiert hätt: national Reegele missten ofgeschaaft oder duerch gemeinsam europäesch Reegelen ersat ginn, amplaz datt ewéi elo op 27 ënnerschiddlech Reegelen europäesch Reegelen nach dropgesat géinge ginn. Dat huet den Direkter vun der Industriellevertriedung Fedil en Donneschdeg de Moien hei op RTL erkläert. Dem René Winkin no géingen d'EU Memberstaaten a ville Beräicher hir eegen Zopp kachen. Sief et bei der Energiekris oder ewéi d'Dekarboniséierung soll ëmgesat ginn. Hei wënscht sech de René Winkin méi Europa. Mä méi Europa dierft dem Direkter vun der Fedil no net nach méi Reegelen heeschen. Hien hofft, datt déi nächst 5 Joer Reegelen emol "verdaut" oder vereinfacht ginn. Hien ass nämlech och iwwerzeegt, datt nei Reegelen d'Präisser weider an d'Luucht géingen dreiwen. Hie sot, hie kéint "honnert Beispiller" nennen, mä huet eent erausgepickt: d'Reegel, datt Stëpp un der Fläsch mussen hänke bleiwen an den Impakt dovunner op e Lëtzebuerger Verpackungsproduzent. Déi Upassung hätt de Betrib 45 Milliounen Euro kascht an dat bei 45 Milliounen Ëmsaz.
Reegelen hu jo awer e Sënn an Zweck a Reegele sinn och dacks d'Reaktioun op Feeler, déi gemaach goufen. Op déi Remark huet de René Winkin geäntwert, datt d'Fedil net géint Reegele wier, mä géint d'Vitess an d'Gewiicht, déi se hätten. Et misst een a sengen Aen en Equiliber fannen.
D'Fedil huet keng Positioun zum Vetorecht
Wat och géing kaschten, dat wier, datt d'EU sech och net eens gëtt, "strategesch" Beräicher vun der Ekonomie mat Taxen op Importer oder Subventiounen ze schützen, wéi d'USA dat mécht. Dat kéint op de Konstrukt vun der EU zeréckzeféiere sinn. Ass d'Fedil dann dofir, datt d'Veto-Recht vun de Länner ofgeschaaft gëtt? D'Vetorecht a Steierfroe gëtt jo vun CSV an DP als Garant fir d'Finanzplaz ugesinn. De René Winkin sot, d'Fedil hätt dozou keng Positioun, well dat d'Industrie net géing betreffen, mä éischter de Staatsbudget.
A keng Walempfeelung, mä...
Héiert een aus all deem, wat de René Winkin en Donneschdeg de Moie sot, eng Walempfeelung géint lénk, gréng a nationalistesch a fir d'DP? D'Fedil ass neutral a mécht keng Walempfeelung, esou de René Winkin. Hie sot awer, et soll ee schonn nolauschteren, wéi eng Kandidate sech bewosst wieren, datt et e Problem gëtt an handele wéilten. Déi Kandidate kéinten an "all Parteie" sinn. Hien huet och drop higewisen, datt souwisou eng Koalitioun vu méi Parteie sech an der EU wäert mussen zesummendoen, an dofir bräicht een a méi Parteie Leit, déi déi richteg Äntwerte séier liwweren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.