"Récktransfert vu nationale Kompetenzen", well d’EU "ass en Total-Echec"
E Freideg de Moie waren d'Europawalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Mat ❤️ fir e souveränt Lëtzebuerg" ass de Slogan vun déi Konservativ bei den Europawalen. Hire President a Spëtzekandidat Joe Thein sot e Freideg de Moien hei op RTL, seng Partei wier géint dat Europa vun haut a wéilt zeréck bei en Europa vun de Natiounen.
Op EU-Niveau identifizéiere sech déi Konservativ mam Grupp vun den europäesche Konservativen a Reformisten. Genee ewéi d’ADR also, aus där de Joe Thein 2018 ausgeschloss gi war. Wat ënnerscheet dann déi Konservativ vun der ADR? "Jidderee ka sech nennen, mee et geet em d’Authentizitéit vu Parteien an ech mengen, eise Profil entsprécht genau deem: mir hätte gär e politesche Wiessel an Europa", esou de Joe Thein, well d’EU wier en "Total-Echec".
Hien huet de Krich genannt, mee och eng "onkontrolléiert Migratiounskris" oder eng "skandaléis" Gestioun vun der Covid-Pandemie. A sengen Aen hätten déi Konservativ en "alternatiivt Konzept": si wéilten e "Récktransfert" vun nationale Kompetenzen.
Fir déi Konservativ ass d’EU och eng "Autokratie". Op d’Remark, datt awer elo Wale sinn, huet de Joé Thein geäntwert: "Mir hunn eng ongewielte Kommissioun an en EU-Parlament ouni legislative Pouvoir." Op d’Remark, datt och zu Lëtzebuerg d’Regierung net gewielt ass, mee vum Parlament designéiert gëtt, huet hie geäntwert: "Demokratie stellen ech mir par principe esou vir, datt d’Vollek d’Souveränitéit spillt an entscheet."
Gewiicht géintiwwer Muechten ewéi China, Russland oder den USA kéinte kleng Natiounen ewéi Lëtzebuerg senger Meenung no och ouni EU hunn. Gebraucht wiere Politiker, déi "Courage an Eeër" hätten a sech fir national Interessien asetze géingen. Dat wier scho laang net méi de Fall.
Déi Konservativ wënsche sech da Fridde mat Russland, duerch Verhandlungen an eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht. Schold um Krich wieren d’EU an d’Nato. Den Ugrëff vu Russland op d’Ukrain huet de Joé Thein awer och als "Vëlkerrechtsbroch" verurteelt. Soll Russland sech nees op seng Grenzen zeréckzéien? "Jo, wat wichteg ass, datt mir zeréck un de Verhandlungsdësch kommen", esou de Joe Thein.
Bei den EU-Walen 2018 waren déi Konservativ mat 0,53 Prozent vun de Stëmmen zéngt vun zéng Parteie ginn. Wann déi Konservativ no dësen Europawalen nach ëmmer kee Mandat hunn, wëll hien iwweregens weidermaachen. Da geet d’politescht Geschäft weider, esou de Joe Thein.
* de Journalist huet um Schluss vum Interview Lëscht Nummer 7 gesot. Déi Konservativ sinn awer Lëscht Nummer 6.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.