En Donneschdeg de Moie war d'Kanneraarmut Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Engem Rapport vun UNICEF Lëtzebuerg no riskéiert hei am Land all véiert Kand d’Gefor, an Aarmut opzewuessen. An awer steet de Kampf géint Kanneraarmut net am Koalitiounsaccord. Et ass keng Prioritéit vun dëser Regierung. Et gëtt net vill iwwer Aarmut geschwat, well et och kee Sujet ass, dee Freed mécht. Déi Concernéiert kréiche meeschtens selwer d’Schold fir hir Situatioun. Se wiere liddereg a wéilten net schaffen, sou d’Virurteel. An dofir géif Aarmut net als strukturelle Probleem erkannt ginn, an et wier och keng politesch Prioritéit. Dat bedauert de Prof. Dr. Christoph Butterwegge. Hie war bis 2016 Professer fir Politikwëssenschaft op der Uni Köln a fuerscht iwwer Aarmut, Räichtum an Ëmverdeelung.

Dat ass keen "Aarmut de luxe"

An der Fuerschung géing een tëscht zwou Zorten Aarmut ënnerscheeden. Engersäits eng absolut, extrem, existenziell Aarmut. Also zum Beispill, wann een net genuch z’iessen huet, keng uerdentlech Kleedung, kee séchert Drénkwaasser oder kee Logement.

Anerersäits eng relativ Aarmut, am Vergläich mam Wuelstand, wéi mer se zum Beispill och hei am Land hunn. Besonnesch Kanner géifen dorënner leiden, well si sech permanent vergläichen. Dat wier keen “Aarmut de luxe”, warnt den däitsche Fuerscher. Am Géigendeel kéint een esouguer ënner relativer Aarmut méi staark leide wéi ënner absolutter Aarmut.

Als Beispill: Wann e Kand am déiwe Wanter um Schoulhaff steet mat Summerkleeder a Sandalen, an et gëtt vun de Klassekomeroden ausgeschloss an ausgelaacht. Da géing et ënnert dem Auslaache vill méi leiden, wéi ënnert der Keelt, déi et spiert, sou den Invité. Relativ Aarmut géing déi Betraffen, a virop Kanner och dacks méi depriméieren, erniddregen an humiliéieren, well se permanent am Vergläich liewen.

Haapt-Grond: Inegalitéit duerch Steierpolitik

Et ginn eng sëllege Grënn, fir d’Hausse vun der Aarmut. Kanner sinn aarm, well hir Elteren aarm sinn. Meeschtens schaffen déi Concernéiert a Secteuren, déi net gutt bezuelen. Den Aarbechtsmarché wier dereguléiert ginn, also wier et méi einfach, de Leit ze kënnegen oder se just am Interim anzestellen. De Sozialstaat wier ënnert dem Afloss vum Neoliberalismus ofgebaut ginn. Dat heescht, et hätt ee méi op d’Aarbecht gesat, wéi op déi sozial Ofsécherung. A virop wier et dann de Problem vun den Inegalitéiten, déi ëmmer méi grouss ginn. Aarm gëtt ëmmer méi aarm a räich ëmmer méi räich, erkläert de Professer fir Politikwëssenschaft. Grond dofir wier d’Steierpolitik, déi Räicher an “Hyper-Räicher”, déi Milliarde Verméigen hunn, begënschtegt. An Aarmer duerch d’TVA staark belaascht, well grad Familljen do staark betraff sinn.

“Armut macht ja etwas mit Menschen”

Wann ee vun der Aarmut schwätzt, misst een och vum Räichtum schwätzen, sou de Christoph Butterwegge. Stéchwuert: Ëmverdeelen. Et misst een natierlech mol virop eng aner Steierpolitik maachen, fir vun uewen no ënnen ëmzeverdeelen. Da misst een onbedéngt beim Logement ufänken, well d’Loyere wiere fir vill Leit einfach net méi ze bezuelen.

E grousse Problem wier natierlech och, dass sech aarm Leit net manifestéieren. Se hätten einfach keng Zäit nieft hirer Aarbecht an de Kanner, fir dann och nach op d’Stroossen ze goen. Aarmut mécht eppes mat Mënschen. Et géing zu gesondheetleche Problemer féieren, zu psychesche Problemer, och Sucht-Problemer wieren heefeg. D’Mëttelschicht, déi selwer och ëmmer méi dacks mat Aarmut konfrontéiert ass, misst eigentlech politesch aktiv ginn. Mee hautdesdaags géing manner op Solidaritéit gesat ginn a méi op "Ellenbogen-Mentalität".

Aarmut ass eng Gefor fir eis Demokratie

Aarm Leit géingen och manner wiele goen an dat géing eis Demokratie a Gefor bréngen. Si hätten d’Gefill, dass eise parlamentaresche System an déi etabléiert Parteien hir Interessen net wierklech vertrieden, an zum Deel hätte se domat och Recht, gëtt de Professer ze bedenken. An der Mëttelschicht géing et vill Angscht virum sozialen Ofstig ginn an dat géing rietsen- an och rietsextreme Parteien an d’Kaarte spillen.

Räich Leit kéinten allerdéngs och d’Politik beaflossen, an dat wier eng zousätzlech Gefor fir Demokratie a géing de System méi onglafwierdeg maachen.

Dofir wier et wichteg wielen ze goen a Parteien ze wielen, déi eben net rietsextrem sinn, sou de Prof. Dr. Christoph Butterwegge.

Invité vun der Redaktioun: Prof. Dr. Christoph Butterwegge

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.