E Méindeg de Moie goung et an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" ëm d'Thema Europawalen.

An eiser Serie vun Invitéen en vue vun den Europawalen an zwou Wochen, war et dëse Méindeg un der Lëscht Nummer 10: «Zesummen - d’Bréck». Den David Foka war bei eis am Studio.

Zesummen-d’Bréck ass jo eng fuschnei Partei, an et sinn hir éischt Walen iwwerhaapt. Hie wéilt déi politesch Situatioun am Land amelioréieren, esou den David Foka, dee virdru scho bei de Gréngen a bei der LSAP Member war. Hie wéilt en Zorte Vide fëllen, deen hien op anere Plazen erkannt hätt, ouni déi Parteien ze kritiséieren.

Et geséich ee sech net als Oppositioun, mä éischter als komplementaren Acteur.

D’Demokratie misst un alleréischter Stell stoen. Dofir setzt ee sech fir en europawäit Auslänner-Walrecht an.
E Kritikpunkt, deen hien der aktueller Politik heiansdo mécht, ass deen, dass Politiker wëlle Carrière maachen. Dat wier net Sënn an Zweck vu Mandater, dofir sollten déi och zäitlech limitéiert sinn. An och de Kommissiounschef sollt direkt vun de Bierger gewielt ginn. Et wënscht ee sech méi partizipativ Demokratie.

Invité vun der Redaktioun: David Foka

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.