En Donneschdeg de Moie waren d'Fraerechter Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hien ass den eelste Kandidat op der Piratelëscht, wou u sech éischter onbekannt Gesiichter drop ze fanne sinn. Dat hätt e gudde Grond. D'Deputéiert an der Chamber hätten en Optrag vum Wieler kritt, fir do hir Aarbecht ze maachen. Dowéinst hätte si sech och net fir d’Europawalen opgesat.

Méi drastesch Strofe fir Déierequälerei

Logement, Déiereschutz a Grondakommes, wieren déi 3 Haapt-Punkten aus dem Walprogramm, op déi een am Walkampf bis ewell am meeschte vun de Leit ugeschwat gi wier. Duerch déi rezent grujeleg Decouverte vu Schof, déi brutal dout gemaach respektiv blesséiert goufen, wier d'Déierewuel nees e grousse Sujet bei de Bierger gewiescht. Et misst een d'Strofen do drastesch verschäerfen, och wann een dat elo net tel quel am Walprogramm stoen hätt, sou de Raymond Remakel.  Op d'Grondakommes géing een och vill ugeschwat ginn. Dëst wier eng Mesure, fir Leit déi eng Déift an hirem Liewen hätten. Op eng limitéiert Zäit vun 3 Joer sollt een dat kënne kréien, fir sech an där Zäit selwer eraus aus deem Lach ze schaffen.

E Referendum iwwer den Unanimitéitsprinzip

Den Unanimitéitsprinzip gouf wärend dësem Walkampf vill thematiséiert. D'Pirate wëllen d'Unanimitéit a Finanzfroen net ofschafen, dofir awer déi an aussepolitesche Froen. Do géif sech d'EU dacks selwer an de Féiss stoen. De Raymond Remakel huet awer och gesot, d'Pirate géife sech fir e Referendum op nationalem Niveau ausschwätzen. Da kéinten d'Biergerinnen a Bierger ofstëmmen, ob si den Eestëmmegkeetsprinzip an der EU gutt oder schlecht fannen.

Nei Léisunge fir d'EU

Bis ewell souzen aus der ganzer EU 4 Piraten am EU-Parlament. Dovunner kee Lëtzebuerger, ma et hätt een d'Politik zu Bréissel a Stroossbuerg enk suivéiert. An do hunn d'Piraten eng Rei Kriticken. Notamment u Fräihandelsaccorden déi hannert zouenen Diere verhandelt gi wären. Ausserdeem wier dat elektronescht Bréifgeheimnis ageschränkt ginn an et wier zu Korruptiounsaffären op EU-Niveau komm.

Et bräicht nei Léisunge fir d’EU, dat ass och den Titel vum Piraten-Walprogramm. Zum Beispill sollen déi erneierbar Energien an déi néideg Infrastruktur ausgebaut ginn an et bräicht eng Re-Industrialiséierung an de Beräicher Pharma, Defense an ëffentlechen Transport.

Eng weider Iddi vun de Piraten ass een EU-Pass, eng europäesch Staatsbiergeschaft, déi een zousätzlech zu deem nationale Pass respektiv der nationaler Biergerschaft kréich. Domat verspriechen d'Pirate sech Reesfräiheet, manner administrativ Hürden a méi e grousst Gefill vun europäescher Unitéit.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.