E Freideg de Moie war de Walprogramm vun deene Gréngen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hire Co-Spëtzekandidat Fabricio Costa war bei eis am Studio.

An deen huet sech optimistesch gewisen, dass een de Sëtz, deen een den Ament am Europa-Parlament huet, verdeedege kéint. Et bréicht ee sech net ze verstoppe mam politesche Bilan aus de leschte Joren.

Op d’Fro, ob wierklech déi éischt gewielte Persoun vun der grénger Lëscht och d’Mandat géif unhuelen, sot de Fabricio Costa kloer, dass hien der Meenung wier, dass dat sollt geschéien, egal wien et dann wier. Déi Persoun hätt deen Ament en Optrag vum Wieler kritt.

Vill Leit wieren aktuell onzefridde mat der europäescher Politik. Dat wier verständlech an dat géif och deels den Zoulaf vu méi rietse Parteien erklären. Et kéint net sinn, dass ëmmer just diskutéiert gëtt, mä richteg Kompromësser, déi dann och reell ëmgesat ginn, net géifen zustane kommen. Dowéinst missten och d’Institutiounen zu Bréissel reforméiert ginn. 20 Joer konservativ Politik ënner EVP-Kommissiouns-Cheffen hätten net gewierkt.

Invité vun der Redaktioun: Fabricio Costa

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.