Am Hierscht fänkt eng breet Diskussioun iwwer eng Pensiounsreform un
E Mëttwoch de Moie waren ënner anerem d'WHO an de PID Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
20 bis 30 Prozent vun de Leit, déi an d’Urgence ginn, géifen u sech net dohi gehéieren. Si kéinten och bei en normale Generalist goen, sou d'Ministesch vun der Santé an der Sécurité sociale e Mëttwoch de Moien am Interview mat RTL.
Vill Leit hätten de Reflex, fir an d’Urgence ze goen, wann zum Beispill den Hausdokter net do ass. Dat wär jo och net falsch, mä et géif eben och derzou féieren, datt d’Urgencen iwwerfëllt sinn. D’Education à la santé soll dowéinst verbessert ginn. D’Leit solle méi Gesondheetskompetenz kréien. Bei de Kanner an der Schoul soll ugesat ginn, fir datt dono déi ganz Populatioun wéisst, wouhinner se soll goen.
Elo scho gëtt et jo de PID, de “Paiement immédiat direct”, datt een also beim Dokter just nach säin Deel bezilt an näischt méi muss virstrecken. An der Tëschenzäit hätten iwwer 200 Dokteren (vu méi ewéi 2.600) de System schonn installéiert, huet d’Ministesch confirméiert. De PID ass fir den Dokter (a fir de Patient) fräiwëlleg. Et géif elo méi séier goen, och wann et nach ëmmer nëmme lues virugeet. Dat wier awer net den Dokteren hir Schold, mä d'Installéiere vum informatesche System mat verschiddene Programme bräicht eben Zäit.
D’Martine Deprez hat jo och direkt am Ufank vun hirem Mandat eng méiglech Pensiounsreform an d’Spill bruecht. Am Hierscht fänkt eng breet Consultatioun doriwwer un. Nach virun der grousser Vakanz soll en Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot als Basis fir d’Diskussioun virleien. Et wéilt ee mat allen Acteure schwätzen an och Table ronden organiséieren. Den Ament géif si keng Pist favoriséieren, wat eng Reform ugeet. Si wéilt och net, datt Jonker géint Eelerer ausgespillt ginn. Och wa si scho sot, datt déi, déi aktuell eng Pensioun kréien, näischt solle verléieren. Kee soll am Alter an d’Aarmut rutschen a kee soll fäerten, fir an d’Pensioun ze goen, sou d’Ministesch Martine Deprez.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.