"Et war eng schwéier Zäit"
En Donneschdeg de Moie waren d'Exil-Belarussen, de Klimaschutz an den Heescheverbuet Sujeten an der Emissioun Invité vun der Redaktioun.
Et war eng schwéier Zäit, eng immens komplex Diskussioun, déi emotional geluede war, sot de Paul Galles, CSV-Deputéierten a Stater Schäffen iwwert den ëmstriddenen Heescheverbuet an der Stad en Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. Säin Engagement fir déi Aarm wär kloer. Hien hätt staark ënnert der Diskussioun gelidden, well vill iwwer Strummerten an Heescherte geschwat gouf. Dat wäre Mënsche wéi du an ech, déi wéinst hire Liewensëmstänn op der Strooss liewen. Fir hie wär et wichteg, datt näischt géint déi Mënsche geet, mat deenen hie bei der Caritas geschafft huet, an datt dat Ganzt juristesch gekläert gëtt. D’Justizministesch Elisabeth Margue hätt jo gesot, datt si de Code pénal iwwerschaffe wëll.
De Paul Galles engagéiert sech och nach ëmmer fir d’Ëmwelt- a Klimapolitik. Wann de Christophe Hansen bei den Europawale gewielt respektiv EU-Kommissär gëtt, kéint hien d’Presidence vu der Ëmweltkommissioun an der Chamber iwwerhuelen. Lëtzebuerg misst eng ambitiéis Klimapolitik behalen. D’Leit misste matgeholl ginn, och wann dat en allgemenge Saz wier. Dat géif vill iwwer Subventioune lafen. De Klimabonus misst natierlech och nom Juni weider lafen. Wéi héich déi staatlech Hëllefe wäerte sinn, misst den Ëmweltminister zäitno matdeelen.
En Donneschdeg an e Freideg ass eng grouss Konferenz an der Chamber iwwert de Belarus an d’Mënsche vun do, déi am Exil liewen. Et sinn der bis zu 500.000. De Paul Galles huet fir d’Assemblée parlementaire vum Conseil de l’Europe e Rapport iwwert hiert Schicksal geschriwwen. Et wier eng vergiessen Tragedie, seet de Paul Galles. D'Belarusse wiere vun doheem fort gelaf, fir Fräiheet an Demokratie ze fannen. Am Exil géife sech fir si awer existenziell Froe stellen. Op der Konferenz schwätzt och de Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel an déi belarussesch Oppositiounsleaderin a fréier Presidentschaftskandidatin Swetlana Tichanowskaja ass och zu Lëtzebuerg.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.