Zwou weider Zënsbaissen dëst Joer si realistesch
E Freideg de Moie war d'Erofsetze vum Leetzëns duerch d'EZB Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Chef-Ekonomist vun der Spuerkeess William Telkes hält bis zu zwou weider Zënsbaissë vun der Europäescher Zentralbank dëst Joer fir realistesch. Hie war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Dat nodeems d'EZB en Donneschdeg eng éischte Kéier zanter 5 Joer d'Zënsschrauf no ënne gedréit huet.
Wéi geet et dono weider? Villes géing vun der Entwécklung bei de Léin, dem allgemengen ekonomesche Kontext an awer och der amerikanescher Zentralbank ofhänken, fir ze wëssen, wéi et weider geet. D'Federal Reserve huet d'Tauxe fir den Ament nach onverännert gelooss.
Well d'Zënsbaisse en Donneschdeg allgemeng erwaart gouf, hätten d'Marchéen dës schonn antizipéiert. Déi fix Tauxen op den Immobilieprête wiere beispillsweis schonn zanter Enn d'lescht Joer zeréckgaangen, sou eisen Invité.A leien den Ament ënnert dem variabelen Zënssaz.
Baisse op de variabelen Taux réischt an e puer Wochen oder Méint
Bis déi variabel Tauxen op de Prêten erofginn, géif et wuel nach daueren. De Chef-Ekonomist vun der Spuerkeess huet vu Wochen oder souguer Méint geschwat. Sécher ass, d'Banke géingen d'Baisse mat engem gewëssenen Decalage weider ginn. An et géing vun Haus zu Haus ofhänken, sou de William Telkes. Wat awer kloer wier, dat ass, datt d'Zënse kuerz- a mëttelfristeg net op den Niveau vu virun der Kris géifen zeréck ginn. E Retour zu der Nullzënspolitik ass deemno keng Optioun fir den Ament. Déi zukünfteg Challengë wéi d'Energietransitioun zum Beispill géinge mat sech bréngen, datt den Inflatiounskontext haut e ganz anere wier wéi nach virun e puer Joer.
Reellen Impakt vun den Zënsbaissen op de Logementsmarché nach minimal
De reellen Impakt vun dëser éischter Baisse zum Beispill op de Logementsmarché ass an den Ae vum William Telkes nach minimal. Et wier en éischte Schrëtt. Bis een um Terrain wierklech eppes spiere géing, misst ee schonn eng Tendenz an eng gewësse Richtung gesinn. D'steierlech Mesurë vun der Regierung fir d'Investissementer um Immobiliëmarché z'ënnerstëtzen, wiere vun allen Acteuren um Marché gelueft ginn. Dofir kéint een och vun engem positiven Impakt ausgoen.
Fir den Ament wier d'Vertraue vun de Konsumenten nach éischter verhalen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.