E Mëttwoch de Moie war d'Ried zur Lag vun der Natioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun - Taina Bofferding

Prozedure vereinfachen, geet net duer, fir d'Problemer ze léisen, seet d'LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an hirer Reaktioun op d'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier. Weder am Logement nach bei der Aarmutsbekämpfung.

De Luc Frieden huet jo en Dënschdeg säin éischten "État de la nation" an der Chamber gehalen. Villes ass de Sozialisten no nach ze vage an onkloer, wat d'Géigefinanzéierung betrëfft.

Grad bei der Aarmutsbekämpfung géif et net duergoen, fir de Leit e Certificat an de Grapp ze drécken, dee schonn deels ausgefëllt ass. D'Aarmut misst vill méi strukturell ugaange ginn, fannen d'Sozialisten. D'Oppositiounspartei proposéiert konkret, datt de Mindestloun misst ëm 100 Euro an d'Luucht gesat, a steierfräi gemaach ginn.

Donieft sollten Elengerzéier e Complement beim Kannergeld kréien. Domadder kéint ee méi geziilt géint d'Kanneraarmut virgoen. Déi annoncéiert steierlech Entlaaschtung fir Monoparentauxen op den 1. Januar gëtt vun de Sozialiste begréisst. Datt d'Regierung eng grondleeënd Steierreform maache wëll, fir vun 2026 just nach eng Steierklass ze hunn, och. Allerdéngs wier et wichteg, d'Oppositioun an dës Diskussioune anzebannen.
 
D'Taina Bofferding fënnt et da "schued" an "net ganz fair", datt de Luc Frieden Projete vun der leschter Regierung iwwerholl huet, ouni dat awer de Leit ze soen. Et wier ee jo frou, datt Projeten, déi ee selwer lancéiert huet, weidergefouert ginn, ma da misst een awer scho soen, wien den Initiateur war. 
 
Beim Logement wier et virun allem wichteg, datt d'Wunnengen déi dann elo, méi séier solle gebaut ginn, och accessibel fir d'Leit sinn an och op Dauer bezuelbar bleiwen, sou d'LSAP-Fraktiounscheffin. Déi administrativ Vereinfachung wier am Beräich vum Wunnen net méi wéi een éischte Schrëtt.

Déi gefaarten Austeritéitspolitik wier zwar net annoncéiert ginn. D'Ried hätt awer eng kloer konservativ neoliberal Handschrëft, sou nach d'Taina Bofferding. Et géif ee gesinn, datt Schwaarz-Blo fir e schlanke Staat géif antrieden. Duerch déi weider Upassung vun der Steiertabell un d'Inflatioun ëm 2,5 Indextranchen op den 1. Januar géif de Staat 300 Milliounen u Steierrecette verléieren. Amplaz vu punktuell Adaptatiounen, trëtt d'LSAP fir eng déifgräifend Steierreform an.
 
D'Annoncen a Punkto Energie-Subsiden a Präisdeckel wieren, an den Ae vun der Fraktiounscheffin vun der LSAP "absolutten Hickhack". D'Leit an d'Betriber bräichten awer Planungssécherheet, fir ze wëssen, ob se nach Subsiden - a wa jo a wéi enger Héicht - kréien.

D'Sozialisten hätte scho virun dräi Wochen gefuerdert, datt den aktuelle Primme-Regime misst verlängert ginn. Elo hätt de Luc Frieden en Dënschdeg da gesot, datt dat bis den 1. Oktober de Fall ass. Dee Chaos hätt een, dem Taina Bofferding no, kënnen evitéieren.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.