E Freideg de Moie waren déi annoncéiert administrativ Vereinfachungen am Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir d'Handwierkerkammer sinn déi annoncéiert administrativ Vereinfachungen e politeschen Engagement vun der schwaarz-bloer Regierung un deem se gemooss wäert ginn. Dat sot de Vizepresident vun der Chambre des métiers Paul Nathan e Freideg an enger éischter Reaktioun op d'Ried zur Lag vun der Natioun. D'Situatioun wier weider alarmant fir d'Bauentreprisen, sou eisen Invité vun der Redaktioun. Mir wieren an  enger vun de schlëmmste Baukrisen zanter den 1980er Joren. Net nëmme bei de Privatwunnengen, och bei den ëffentlechen Ausschreiwungen wier vill manner Aktivitéit. Vum Vizepresident vun der Chambre des métiers war et dowéinst den Appell un d'Regierung, fir elo eng antizyklesch Politik ze maachen. De Staat misst investéieren, fir datt d'Entreprisë weider Opträg hätten an hir Leit kéinten halen. Fréistens an der zweeter Hallschent vum nächste Joer wier mat enger Verbesserung  um Bau ze rechnen.

Dem Premier Luc Frieden seng Annoncen a Punkto Vereinfachung vun de Prozedure gesäit d'Chambre des métiers als "Ufank vun enger laangwiereger Aarbecht". Mesurë wéi "silence vaut accord", Vereinfachunge vun de PAP- a PAG-Prozeduren oder en nationaalt Kader-Bautereglement wiere ganz konkret gewiescht, a géifen och staark Signaler duerstellen, fënnt de Paul Nathan. Et wier genee do wou de Schong dréckt.

D'Chambre des métiers ass och zouversiichtlech, datt et an dëser Legislaturperiod eppes gëtt mat der "simplification administrative". D'Regierung wier e kloren Engagement agaangen, un deem net nëmmen d'Handwierkerkammer mä déi ganz Allgemengheet se duerno moosse kéinten. Mat hirem Message géif se fir Vertrauen am Secteur suergen an den nächsten 2 bis 3 Joren.

Och de Pilotprojet fir de Bauentreprisen dobäi ze hëllefen, Wunnenge fir hir Mataarbechter ze bauen, gëtt vun der Chambre des métiers begréisst. D'Iddi ass, datt de Staat en Deel vun de Logementer, déi vun der privater Hand gebaut ginn, fir 20 Joer lount an duerno e Virkafsrecht drop kritt. Sou géife mëttelfristeg méi abordabel Wunnengen an déi ëffentlech Hand kommen.

Datt déi staatlech Klimahëllefe fir déi energeetesch Sanéierung (Photovoltaik a Wärmepompelen) bis Enn September verlängert ginn an doriwwer eraus och gréisstendeels weiderlafen, wier eng gutt Saach, sou nach de Paul Nathan. Et wier sécher e Feeler gewiescht, elo scho mat de Primmen zeréckzefueren. D'Angscht, datt no Oktober manner Leit Sonnepanneauen installéieren, wann de staatlechen Undeel vun 62,5% op 50% erofgeet, deelt de Vizepresident vun der chambre des métiers net. D'Decisioun wier logesch, well de Präis vun de Panneauen zeréckgaange wier an d'Stéit duerch d'Entwécklungen um Stroummaart éischter e Rendement hätten. D'Leit missten och am Kapp halen, datt d'Konditiounen fir säin Haus energeetesch ze sanéieren ni méi sou gutt wäerte sinn wéi haut.

Invité vun der Redaktioun: Paul Nathan

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.