E Méindeg de Moie war d'Entwécklung vum Stroumpräis Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Energiepräisdeckele verschwannen d’nächst Joer – bis op ee Stroumpräisdeckel. Dee gesäit vir, datt de Staat d’Hallschent vun der projezéierter Hausse vun de Präisser fir d’Stéit weider iwwerhëlt. Déi sollen d’nächst Joer ëm 60% klammen, also géinge mam neie Präisdeckel d’Rechnunge fir d’Leit ëm 30% méi deier ginn, esou de Statec. De Generaldirekter vun Enovos, den Erik von Scholz, sot hei op RTL, datt déi Previsioune "ganz plausibel" sinn.
 
Ouni déi aktuell Präisdeckelen hätt e Stot mat duerchschnëttlechem Verbrauch vu 4.000 Kilowatt d’Stonn ongeféier 1.435 Euro misse fir säi Stroum bezuelen. Duerch déi aktuell Deckele sinn et just 855 Euro. D’nächst Joer wäert et awer wéi annoncéiert zu enger Hausse kommen, sou den Erik von Scholz. Hien huet de Clientë recommandéiert, sech z’informéieren iwwert Energieeffizienz oder nach staatlech Hëllef fir Photovoltaik. An hien huet op déi finanziell Hëllefe fir méi niddreg Akommesklassen higewisen. Enovos stéing do och zur Berodung bereet.
 
De Generaldirekter vun Enovos huet och nach emol erkläert, datt d’Gesellschaft Stroum een oder zwee Joer am Viraus keeft. D’Präisser wieren elo zwar méi niddreg ewéi no der russescher Invasioun vun der Ukrain, mee nach ëmmer iwwert de Präisser vu virun der Kris. Fir den Erik von Scholz hätt sech d’Strategie bewäert. Aner Operateuren hätte méi kuerzfristeg akaaft, mee hätte wärend der Kris hir Clienten deels net méi kënne beliwweren. Enovos hätt mat hirer laangfristeger Akafsstrategie "d’Präisspëtze geglätt". Déi Spëtze kommen awer natierlech elo "verzögert".
 
Wat de Gas ugeet, do wäerten dem Erik Scholz no d’Präisser d’selwecht bleiwen, obwuel d’staatlech Mesuren do ganz ewechfalen. Och hei hänkt alles natierlech – änlech ewéi beim Stroum - vun der geopolitescher Lag of, mee och vum Wieder zum Beispill.

Enovos profitéiert net vun de Präishaussen

Enovos – déi direkt an indirekt haaptsächlech dem Staat gehéiert - huet déi lescht 2 Joer Netto-Profitter vun iwwer 26 Milliounen Euro gemaach. Den Erik von Scholz huet betount: Enovos géing net vun de Präishaussë profitéieren. Et géing een d’Präisser, genee ewéi déi staatlech Hëllef, "Eent-zu-eent" weiderginn. D’Gesellschaft géing donieft vill a Solarstroum investéieren.

Duerch Solidaritéit konnt d’EU sech iwwerhaapt nach Stroum leeschten

Am Zesummenhang mat der Kris hätt ee jo och gesinn, datt et Sënn géing maachen an d’erneierbar Energien z’investéieren, fir méi onofhängeg ze gi vu fossillen Energien. "Méi Europa bedeit eng besser Energieversuergung fir Europa", esou den Erik von Scholz, dee virun "Idealismus a Populismus" gewarnt huet.

Invité vun der Redaktioun: Erik von Scholz

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.