E Mëttwoch de Moie waren d'Datesécherheet an d'kënschtlech Intelligenz Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Lëtzebuerg ass elo schonn ee vun den europäesche Leader an der Daten-Ekonomie an dat soll och weider de Fall sinn, dat sot de Paul Konsbruck, Generaldirekter vu LuxConnect, de Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. LuxConnect ass zanter 2006 eng privatrechtlech Firma, déi Glasfaser – also séieren Internet – leet an Datenzentere bedreift. véier Datenzenteren zu Beetebuerg an zu Biissen huet LuxConnect an och 1.800 Kilometer Glasfaser.
 
Lëtzebuerg investéiert weider, och wéinst dem Impakt vun der kënschtlecher Intelligenz. De Super-Computer Meluxina hu mer jo schonn, dee gouf virun 3 Joer ageweit. Deen ass ewell zu 70% ausgelaascht a war fir 5 Joer geplangt. Den Ament gëtt un der nächster Generatioun gedoktert.

En anere Projet ass de “Clarence”-Projet, eng Cloud-Offer, zesumme mat Proximus, wou eng deconnectéiert Cloud mat Google-Technologie bedriwwe gëtt. D’Date ginn net weider u Google, mä bleiwen hei am Land. Den 1. Juli wäert d’Plattform stoen an am November voll operationell sinn...eng Première an Europa.

D'Benotze vun där ganzer Technologie brauch natierlech vill Stroum. Mat KI, der kënschtlecher Intelligenz, wäert de Stroumverbrauch weider an d’Luucht goen. LuxConnect keeft just grénge Stroum an a kompenséiert seng CO2-Emissiounen. De Stroum géif 2-3 Joer am Viraus kaf ginn, wat méi Stabilitéit fir d’Clientë méiglech mécht.
 
LuxConnect ass schonn zu Biissen, Google wollt emol oder wëll nach ëmmer mat engem Datenzenter dohinner kommen. Dat wär eng Plus-value, seet de Paul Konsbruck. Eng Konkurrenz wiere se net, well se fir déi eege Besoine bauen. Mä aner Acteure géifen doduerch op Lëtzebuerg kommen.

Invité vun der Redaktioun: Paul Konsbruck

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.