E Mëttwoch de Moie waren d'Auswierkunge vun der Caritas-Affär op d'Croix Rouge mat där hirem Generaldirekter Thema beim "Invité vun der Redaktioun".

D'Croix-Rouge krut am Summer 80% manner Donen, sot e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview de Generaldirekter vum Roude Kräiz Michel Simonis. D'Affär Caritas huet dem ganze Secteur geschuet. Hien hätt Versteesdemech dofir, datt d'Leit elo zécken, fir Suen ze spenden. Si wiere veronséchert, och well nach ëmmer net kloer ass, wat genee bei der Caritas geschitt ass. 
 
Leit, déi Hëllef bräichten, missten awer weider gehollef ginn. D'Croix-Rouge ass dréngend op privat Donen ugewisen a brauch 3,4 souguer 5 Milliounen Euro, fir verschidden Aktivitéiten ze finanzéieren. Et wär zwar richteg, datt vill Servicer staatlech subventionéiert oder vun der Krankekeess finanzéiert sinn. Mä eleng zum Beispill beim Bluttspende misst d’Rout Kräiz dëst Joer zwou Milliounen Euro bäileeën, déi een net vun ëffentlecher Hand géif géigefinanzéiert kréien. 
 
Bei der Croix-Rouge sinn d’Kontrollreegele vun de Finanze méi streng, wéi gesetzlech gefuerdert. Et wär een eng grouss Struktur (mat 3.300 Mataarbechter a Mataarbechterinnen) an et hätt een eng enorm grouss Verantwortung. “Guddes maachen an et och gutt maachen”, wär d’Devis, sou de Michel Simonis. Et géife just Sue bezuelt ginn, wa se schëlleg wären. 6 bis 7 Leit géife kontrolléieren, ob Sue richteg eraus ginn.
 
Och aner ONGe solle ganz héich Standarden net scheien, fënnt de Croix-Rouge-Generaldirekter. De Staat géif ganz “engmascheg” an de Konventiounen eenzel Facturë kontrolléieren, mä hätt och eng Obligatioun vu Surveillance, wou villäicht kéint méi gemaach ginn, sou de Michel Simonis. 
 
Wat hie mat am meeschte frappéiert huet, ass datt näischt méi vun der Caritas iwwreg bliwwen ass, wéi keng Sue méi do waren. Och datt déi kathoulesch Kierch d’Caritas net weider gedroen hätt an datt kee Wëllen do war, d’Organisatioun um Liewen ze halen, ob een elo déi néideg Sue gehat hätt oder net. Sou de Generaldirekter vun der Croix-Rouge.

Invité vun der RTL Redaktioun Michel Simonis

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.