En Dënschdeg de Moie war den Zoustand vun de Lëtzebuerger Bëscher Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Een “Zukunftsdësch fir den Zukunftsbësch”, dat fuerdert de Pit Mischo. De President vun der ASBL “Fir en nohaltege Bësch FSC* Lëtzebuerg” war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Dat Wichtegst wier fir mol all d’Acteure paritéitesch un een Dësch ze kréien, fir mateneen ze schwätzen an ze kucken, wéi een de Bësch fit fir d’Zukunft ka maachen. Wann den Environnement zum Beispill eppes organiséiert, wiere keng Acteuren aus der Ekonomie derbäi an ëmgedréint.
 
Dacks géing an de Ministèren an an de Verwaltungen iwwer Computer oder um Pabeier mateneen geschwat ginn, mee “Waldbau gëtt am Bësch gemaach”. Dofir huet FSC Luxembourg e Bréif u 5 Ministèrë gemaach [Ëmwelt, Energie, Ekonomie, Classes moyenner an Educatioun, ndlr.] a fuerdert doran Diskussioune mat all den Acteuren.

Wat geschitt mam Lëtzebuerger Holz?
Et wier problematesch, dass kee genee weess, wat mam Holz aus eise Bëscher geschitt. “Mir hunn eigentlech do ganz wéineg Daten, wéi vill Holz eigentlech hei zu Lëtzebuerg gebraucht an verschafft gëtt”, kritiséiert de Pit Mischo. De Statec géing soen, dass et an d’Belsch an an Holland geet. Mee et géing ee ganz genee wëssen, dass d’Holz hei a Containere geluecht gëtt, mat Pestiziden a Fungiziden besprëtzt gëtt, an dann an op Antwerpen a Rotterdam an d’Häfe bruecht gëtt. Vun do géing d’Holz a China exportéiert ginn, wou et verschafft gëtt an da kënnt et nees zeréck op Lëtzebuerg. Fréier wier de Leit vun der Arbed ni agefall, fir d’Äerz aus dem Bueden ze huelen an d’Wäertschöpfung am Ausland ze maachen. D’Dramatik wier, dass mir dat mam Holz net méi fäerdeg bréngen, kritiséiert de Pit Mischo. 
 
Eis Plus-Value besser notzen 
D’Asbl FSC Luxembourg fuerdert scho méi laang e Conseil supérieur de la forêt et du bois. Haut hätt een awer just e Conseil supérieur de la protection de la nature. Do wier zwar de Bësch mat dran, mee et bräicht ee Conseil, wou och d’Acteuren déi d’Holz verwäerte mat dra sinn. De Konsument wéilt zwar vläicht Holz aus Lëtzebuerg kafen, mee d’Offer wier net do. “Dat ass d’Krux”, sou de Pit Mischo.

Et gëtt zum Beispill een elektroneschen Holz-Haff, wou ee seng Produite kann eroplueden. Do kéint de Schräiner se da kafe goen, mee de Site fonctionéiert net. Och d’ANF [d'Natur- a Bëschverwaltung, ndlr.] hätt honnerte Produiten zur Verfügung, mee kéint se net do eroplueden, well de System net kompatibel mat hirem System wier.

“Dat muss ee sech virstellen. Zwee Staatsbetriber, wou deen een net weess, wat deen anere mécht a wat awer Méiglechkeete géif ginn, fir dat op eng flott Aart a Weis ëmzesetzen,” sou de President vun FSC Luxembourg. 
 
Et ass schued, dass mer déi Plus-value, déi mer ëmmerhin op 90.000 Hektar Land produzéieren, net verwäerten, erkläert den Invité. Och dat villt Wëld wier natierlech e Problem fir de Bësch. Do misst méi geschoss ginn, fuerdert FSC Luxembourg.

*FSC steet iwwregens fir Forest Stewardship Council.

Invité war Thema an der Froestonn an der Chamber

"Et war apaart de President vun der ASBL fir en nohaltege Bësch FSC Lëtzebuerg de Moie mat ganz kriteschen Téin um Radio ze héieren." Dat sot den Ëmweltminister Serge Wilmes en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamber, wou d'Aussoe vum Pit Mischo e Sujet an der Froestonn waren.
Eisen Invité vun der Redaktioun huet en Zukunftsdësch fir den Zukunftsbësch gefuerdert, mä dee géif et scho ginn, esou de Serge Wilmes. Och e Conseil superieur des forêts géif et schonn duerch dat neit Bëschgesetz ginn, esou den Ëmweltminister. Dee géif am Hierscht mat senger Aarbecht ufänken.

Invité vun der Redaktioun: Pit Mischo

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.