Et ass vill méi wéi just Sex
En Donneschdeg de Moie war d'Sexualitéit Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et ass vill méi wéi Sex an et geet ganz sécher net just ëm Sex. Dat seet d’Coordinatrice vum nationalen Aktiounsplang fir d'Promouvéiere vun affektiver a sexueller Gesondheet, kuerz dem PAN-SAS, d’Chantal Brochmann. 4 Ministèren [Santé, Famill, Educatioun a Chancëgläichheet, ndlr.] hunn dëse Plang op d’Bee gestallt, deen dëst Joer säin 10. Gebuertsdag feiert a sech mëttlerweil net méi just u Kanner a Jonker riicht, mee un all Mënsch.
Et geet drëm, altersgerecht a progressiv opzeklären iwwer sexuell Gesondheet an Emotiounen. Grad bei klenge Kanner géing ee jo net iwwer Sexualitéit schwätzen, mee iwwer Emotiounen, Echangen a respektvollen Ëmgang. Wat ass gutt fir mech? A wat ass gutt fir mäi Kierper? Wou sinn d’Limitten? Dat si Froen, déi ee wëll klären, sou d'Chantal Brochmann.
All Mënsch erreechen
Erwuessener z’erreechen, wier natierlech eng aner Saach. Zanter 2018 wier dofir den Cesas operationell, dat ass den nationale Referenz-Zenter fir d’Promouvéiere vun affektiver a sexueller Gesondheet. Si géingen all Joer eng "Semaine de la Santé affective et sexuelle" organiséiere mat Themen-Owender. Do géing dann zum Beispill e Film gewise gi mat duerno engem Debat iwwer sexuell Gewalt oder Mutilatiounen.
Let's talk about sex
An de leschten 10 Joer hätt ee vill erreecht, sou d’Chantal Brochmann. Nieft dem Opbau vum nationale Referenzzenter Cesas, géing virun allem d’Initiativ "Let’s talk about sex" ervirstiechen. Dës hätt 3 Voleten. Éischtens e Classeur mat Dokumenter, dee sech un d’Personal riicht, déi mat Jonke schaffen. Zweetens een Toolkit, deen een de Leit un d’Hand gëtt, mat Animatioune fir de Sujet unzegoen. An drëttens natierlech Formatiounen. Donieft hätt een zum Beispill e flotte Podcast op d’Been gestallt, "Méi wéi Sex", dee sech am Fong un all Mënsch mat engem Kierper riicht. An net ze vergiessen, wier, dass mëttlerweil all Forme vu Verhütung hei am Land fir näischt sinn. Dat wier e grousse Fortschrëtt, sou d’Invitée.
Positiv iwwer Sexualitéit schwätzen
Ganz wichteg wier och, dass een der ganzer Opklärung ronderëm d’Sexualitéit eng méi positiv Nott ginn hätt. Virun 2012 wier ee "Krankheetsorientéiert" gewiescht. Et hätt ee versicht, Geschlechtskrankheeten an ongewollt Schwangerschaften ze verhënneren, mëttlerweil géing ee scho Mol net méi vu Krankheet, mee vun Infektioun schwätzen. Punkto ongewollt Schwangerschafte misst een d’Frae ënnerstëtzten an net jugéieren. "Si soll sech net fillen, wéi wa si eppes falsch gemaach hätt", sou d’Coordinatrice.
Wat sinn hautdesdaags déi gréisst Erausfuerderungen?
Déi gréissten Erausfuerderung wieren haut déi sozial Medien. Dacks géing d’Sexualitéit do negativ duergestallt ginn. Männer missten ëmmer kënnen a Fraen hätten op eng bestëmmt Aart a Weis auszegesinn. Donieft wier d’Pornographie e grousse Problem. D’Kanner kéimen ëmmer méi fréi a Kontakt mat esou Biller. Am Rapport vu BeeSecure stéing een Alter vun 10-11 Joer, also Primärschoulsalter, warnt d’Invitée. Do misst een hannendru bleiwen a kucken, wéi ee sech esou kéint opstelle fir d’Zukunft, dass een och déi néideg Ressourcen hätt, fir dogéint unzegoen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.