Esou ee Succès fir d'Gauche war effektiv onerwaart
E Méindeg de Moie war déi franséisch Walen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Dass déi Lénk-Allianz esou e Succès huet, hätt een effektiv net erwaart. Dat seet den Alexandre Mortelette. De Politik-Wëssenschaftler vun der Uni Lëtzebuerg war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Tëscht 2022 an 2024 huet d’Gauche 31 Sëtz derbäi gewonnen. Ma och de rietspopulistesche Rassemblement national (RN) hätt däitlech u Sëtz derbäi gewonnen.
Beim RN géing een eng konstant Evolutioun no uewe gesinn an tëscht 2022 an 2024 hätte si iwwer 58 Prozent méi Sëtz gewonnen. Si hätte Succès am Walkampf gehat mat den dräi Haaptsujeten: Kafkraaft, Sécherheet mat Fokus op e Retour vu méi Autoritéit a Migratioun. Vill Wieler hätte warscheinlech och den RN gewielt, fir eppes anescht ze probéieren an eng Partei un d’Muecht ze bréngen, déi bis ewell ni regéiert huet, erkläert de Politolog.
D’Walbedeelegung war mat 67 Prozent ganz wichteg fir dës Victoire vun der Gauche. Déi lescht Walen hätt den Taux bei 47,5 Prozent geleeën. Donieft hätt den Nouveau Front Populaire déi lescht Woch eng ganz staark Campagne gehat an och den Opruff souwuel vu riets wéi vu lénks fir d’Republikaner ze blockéieren, hätt wuel Konsequenzen op dësen Ausgang vun de Wale gehat.
Wéi een Zenario fir d’Zukunft?
Déi franséisch Politik wier lo an sräi gedeelt: de Block vun der Gauche, dee vun der leschter Majoritéit bei de Presidentiellen also vu Mëtt bis Mëtt-Riets an de riets-extreme Block, sou den Alexandre Mortelette. De President Emmanuel Macron wäert elo héchstwarscheinlech de Block vun der Gauche froen, fir en neie Premier ze designéieren an eng nei Regierung op d’Been ze stellen. Dat wäert allerdéngs net einfach sinn. D’Gauche mat just 180 Sëtz brauch nämlech aner Alliéierter, fir ze regéieren. Entweder kéinte si also eng Koalitioun sichen oder jee no Gesetz no Majoritéite sichen. Dat wier fir d'Fransouse schwéier z’envisagéieren, well dat déi lescht 2 Joer net geklappt hätt.
Wann dat alles näischt gëtt, da wier och eng Regierung vun Technokrate wéi an Italien méiglech, erkläert den Invité.
Demissioun vum Premier Attal
De Premier Gabriel Attal géif e Méindeg de Moien dem Emmanuel Macron seng Demissioun erareechen an dëst wier och eng Form vu "Rupture", gëtt de Politolog zou. Den Attal wier nach ëmmer ganz populär a Frankräich, grad bei Jonken. Et wier ganz strategesch, fir sech grad elo aus der Affär ze zéien, andeems hien e gewëssene Broch mam Emmanuel Macron markéiert, deen de Fransouse jo och e gewëssenen Désaveu gewisen hätten.
Franséisch Walen zu Lëtzebuerg & EU
Den Politolog Mortelette huet och nach präziséiert, datt Fransousen zu Lëtzebuerg mat knapp 50,24 Prozent fir d'Lager vum Macron gestëmmt hunn. Him géintiwwer stoung eng sozialistesch Deputéiert vum Nouveau Front Populaire. Generell wier de Constat, dass dem Macron seng Partei bei de Fransousen am Ausland fest verankert wier.
Ganz laang waren déi gutt franséisch-däitsch Relatioune wéi e Motor bannent der EU. Mee déi Koppel wier an der lescht net méi sou gutt mateneen ënnerwee gewiescht. Vill géing elo dovun ofhänken, wien nächste Premier gëtt, wéi eng Zort Regierung op d’Bee gestallt gëtt a wat punkto EU a Frankräich virgesinn ass. Net ze vergiessen, wier op alle Fall, dass de Rassemblement national vill nei Deputéiert op Bréissel geschéckt huet, sou den Alexandre Mortelette.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.