En Dënschdeg de Moie sinn d'Prioritéiten an d'Mandat vum neien an alen Deputéierten Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Famill, Educatioun a Landesplanung si meng politesch Prioritéiten, sot de Jean-Paul Schaaf de Moien. En Donneschdeg gëtt den éischten Ettelbrécker CSV-Schäffen an der Chamber vereedegt. Hie réckelt do fir de Christophe Hansen no, dee jo an d’EU-Parlament wiesselt an eventuell nächsten EU-Kommissär gëtt. De Jean-Paul Schaaf gëtt eréischt am Laf vum Dënschdegmoie gewuer, wéi eng Chamberkommissiounen hie wäert kréien, héchstwarscheinlech awer Famill an Educatioun, ma Landesplanung éischter net. 
 
Nei Weeër goen an der Sozialpolitik

Wat hie vill géing beschäftegen, wier déi sozial Ongläichheet an der Gesellschaft an d’Kanneraarmut. Donieft och d’Obdachlosegkeet an d’Mendicitéit. Et wier een op engem Punkt ukomm, wou een einfach géing gesinn, dass d’Sozialpolitik vun der Vergaangenheet d’Problemer net konnt léisen. Dofir misst een nei Weeër goen. Grad d’Familljepolitik hätt am Koalitiounsaccord 22 Punkten. Bei der Ëmsetzung dovunner géing hie sech, als geléierten Assistant social, gäre ganz konstruktiv abréngen. Et géing een nämlech mierken, dass vill Leit, déi op der Strooss liewen, déi grouss Strukture wéi zum Beispill d’Wanteraktioun um Findel géingen evitéieren. D’Äntwert wier kloer. Et misst ee vill méi dezentraliséieren a méi kleng Strukture schafen, wou d’Leit schlofen an iessen kënnen.

Firwat keng Fixerstuff zu Ettelbréck?

Punkto Dezentraliséierung war et d’Fro un de Jean-Paul Schaf, firwat d’Gemeng Ettelbréck dann net och géing nieft der Stad Lëtzebuerg an Esch eng eege Fixerstuff opmaachen. Ëmmer nees gëtt déi Fuerderung am Sozialsecteur gestallt, well och Ettelbréck eng eegen Drogeproblematik huet. Den 1. Schäffen äntwert, dass dat fir Ettelbréck näischt géing bréngen. Et wier zwar zwar scho eng Zäitchen hier, ma deemools [2005, ndlr.] hätt de franséischen Unisprofesser Rössler eng Etüd iwwer Dezentraliséierung vun der Psychiatrie gemaach. Hien hätt dora gewarnt, dass een net weider schwéier Infrastruktur soll op Ettelbréck bréngen. Et kéint een der klenger Populatioun dat net zoumudden. Dat kéint déi sozial Kohesioun briechen. Donieft hätt d’Jugend- an Drogenhëllef vun der Gesondheetsministesch den Optrag kritt, fir ze kucken, ob den Norden esou eng Struktur bräicht. D’Conclusioun wier gewiescht, dass d'Ettelbrécker Drogeproblematik anescht gelagert wier an et net wierklech zu enger Consommatioun op oppener Strooss géing kommen. Dofir kéint een aner Moyenen asetze wéi zum Beispill de Bespriechungsraum op der Ettelbrécker Gare, eng Zort Begéinungsstruktur. An déi Strukture misst een ausbauen.

Gemengepolice & Projet Nordstad

De Jean-Paul Schaaf waart gespaant op d’Conclusioune vum Pilotprojet vun der Lokal-Police zu Esch an zu Lëtzebuerg. A wann dës positiv wieren, da géing een natierlech direkt de Fanger ausstrecken. Méi Police-Presenz géing ëmmer fir méi Wuelbefanne bei de Bierger suergen, sou den CSV-Schäffen.

Wat déi geplangte Fusioun vu 5 Gemenge fir de Projet Nordstad ugeet: Do wéilt een am Hierscht mat der konkreeter Aarbecht ufänken. Duerch d’Pandemie hätt ee vill Zäit verluer. Duerno hätt et eben Gemengewale ginn an elo kéint een endlech doru schaffen. Déi 5 Gemengen hätten all gesot, se wéilten de Prozess viruféieren. Et wier een dofir derbäi eng Timeline opzestellen an Theme-spezifesch Aarbechtsgruppen en place ze setzen, wou och Gemengeconseilleren a Gemengenaarbechter sech kéinten dru bedeelegen. 2027 géing een dann e Referendum maachen an 2029 hätt een dann eng nei Gemeng, hofft de Jean-Paul Schaaf.

Invité vun der Redaktioun: Jean-Paul Schaaf

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.