E Mëttwoch de Moie war déi gréng Partei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Hie wäert eis alleguerte feelen, dat sot d'Djuna Bernard bei eis op der Antenn iwwert de François Bausch. De laangjärege grénge Politiker a fréiere Minister zitt sech e Mëttwoch aus der aktiver Politik zréck a mécht an der Chamber Plaz fir déi gréng Co-Parteipresidentin, déi bei de Chamberwalen am Oktober net direkt erëm gewielt gouf. De François Bausch hätt duerch seng laang Erfarung gewisen, wéi ee flott a konstruktiv Oppositiounspolitik ka maachen, sou eis Invitée vun der Redaktioun.

Fir d'Djuna Bernard geet et elo vun der Majoritéit an d'Oppositioun. Si hätt direkt no de Parlamentswalen Distanz gebraucht, fir dat enttäuschend Resultat vun hirer Partei ze verdauen, sot si. Richteg Ofstand vun der Politik hat d'Djuna Bernard als Co-Parteipresidentin, Mamer Conseillère a gréng Kandidatin fir d'Europawalen déi lescht Méint awer net. No dräi Walkämpf ass am Hierscht awer elo Schluss fir déi jonk Politikerin un der Parteispëtzt.

E Mëttwoch geet den Appel à candidatures fir d'Spëtzeposten offiziell eraus. Do virdrun hu schonn d'Ex-Deputéiert Stéphanie Empain a François Benoy de Fanger ausgestreckt, fir Djuna Bernard a Meris Sehovic als Presidenten ze beierwen. Et ass awer net ausgeschloss, datt nach weider Kandidature bäikommen. Si géif et als e gutt Zeeche fir d'Demokratie bei de Grénge gesinn, wa sech aner Persoune melle géifen, fir Responsabilitéit an der Partei an enger schwiereger Zäit z'iwwerhuelen, sou eis Invitée vun der Redaktioun.
 
Et ass méi wéi nëmmen "Grénge-Bashing"
 
Lëtzebuerg hätt si enttäuscht, hat d'Djuna Bernard no de Chamberwalen zejoert op Facebook geschriwwen. Dee Post wier aus der Emotioun raus entstanen a si géif deen haut sécher net nach emol maachen, sot si e Mëttwoch. Déi gréng Partei hätt déi schlecht Resultater ganz seriö awer an engem interne Prozess déi lescht Méint opgeschafft.

Et wier net nëmme "Grénge-Bashing" gewiescht. Den Trend vun der Zäit hätt géint déi Déi Gréng gespillt. Et hätt ee sech net genuch kënne vun de Koalitiounspartner demarkéieren. An et hätt Kommunikatiounsfeeler ginn an et hätt ee sech net genuch géintiwwer de Koalitiounspartner demarkéiert. Et wier guer net evident, sech mat den eegene Feeler auserneen ze setzen. Ma elo géif et drëms goen, fir Léieren draus ze zéien an no fir ze kucken.
 
D'Djuna Bernard gesäit sech an der Oppositioun elo méi fräi fir och méi kritesch kënnen ze sinn. No enger ganz loyaler Koalitiounsaarbecht wéilt een elo de Profil vun Déi Gréng nees méi schäerfen an d'Richtung kloer definéieren, wou een d'Leit wëll mathuelen. Am Interessi vun der Ëmwelt - also vun de nächste Generatiounen.  
 
"Ech gesinn net, wou mer sou vill Verbuet hunn als Gréng"
 
Déi nei Schwaarz-Blo Regierung wëll eegenen Aussoen no eng Klimapolitik maachen, déi d'Leit mathëlt an net nervt. Datt ee vun anere Parteien als "Verbuetspartei" duergestallt géif, wier en Trend, deen een och am Ausland gesi géif. E géif awer net der Realitéit entspriechen. Si géif all Zäit net gesinn, wou déi Gréng sou vill Verbuet hätten, sou d'Djuna Bernard.

Moralesche Kompass an der Causa Knaff
 
Vill kritiséiert goufen déi Gréng vun Esch an hirem Ëmgang mam verurteelten éischte Schäffe vun der DP, dem Pim Knaff, deen nach ëmmer net demissionéiere wëll. D'Djuna Bernard stéiert sech drun, datt ëmmer nees déi Gréng domadder konfrontéiert géifen. Dobäi wier hei virun allem de moralesche Kompass vun der DP gefrot. Si géif net agesinn, firwat hir Partei aus der Koalitioun misst austrieden, well en DP-Politiker sech senger Schold net bewosst ass. Dat wier ee falscht Signal.
 
No der Decisioun vum Parquet, den Dossier Carole Dieschbourg an der Gaardenhaischen-Affär ouni juristesch Suitten ze klasséieren, wier iwwerdeems bis elo keng Entschëllegung vun der CSV komm. D'Djuna Bernard hat viru Kuerzem um 100,7 gemengt, dat wier ubruecht, nodeems de Parquet zur Konklusioun komm war, datt déi fréier Ëmweltministesch de Roberto Traversini net bevirdeelegt hat.

Invité vun der Redaktioun: Djuna Bernard

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.