En Dënschdeg de Moie war d'Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir sinn um Pabeier eng ganz staark Chamber. Mä d’Parlamentarier géifen hir Rechter net ëmmer ausnotzen. D’Chamber misst nees méi an den Zentrum vum “politesche Geschehen”, sot de Chamberpresident Claude Wiseler als eisen Invité vun der Redaktioun.
 
D’Chamber misst méi nogelauschtert kréien, fënnt den CSV-Deputéierten. Mä dowéinst misst een och selwer suergen an no bausse méi interessant ginn. Zanter 8 Méint ass de Claude Wiseler den éischte Bierger vum Land. Hie war an där Zäit eng Rei Parlamenter kucken an am Verglach mam Ausland wier den Ëmgang mateneen hei am Land ganz respektvoll, trotz politeschen Divergenzen.
 
D’Riedenzäiten an der Chamber goufe gekierzt a 5 parlamentaresch Kommissioune gi live iwwert den Internet iwwerdroen. Natierlech géif dat net enorm vill gekuckt ginn. D’Zuschauer-Zuele wiere kleng, mä et géif hei ëm Transparenz goen. Et géif och méi am Replay gekuckt ginn, besonnesch wa sech erëm geschwat hätt, datt “eppes lass” war. An Zukunft sollen nach eng Rei Kommissiounen derbäi kommen. Och d’Riedenzäiten an der Chamber kéinten nach weider gekierzt ginn.
 
De Ben Polidori huet jo annoncéiert, keen Deputéierte vun de Pirate méi wëllen ze sinn. Hie misst eng nei Plaz an der Chamber kréien, sot de Chamberpresident. Déi finanziell Opdeelung misst nei organiséiert ginn, Kommissiounen iwwerschafft ginn. Mä um Fonctionement vun der Chamber an de Majoritéitsverhältnisser géif et näischt änneren.

Invité vun der Redaktioun: Claude Wiseler

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.