"Alles hat säi Reiz. Alles hat seng Zäit"
E Mëttwoch de Moie waren dem François Bausch seng Zukunftspläng a seng politesch Pensioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Wann et ëm gréisser gesellschaftspolitesch Sujete geet, wäert ech mech sécher nach mellen. Wat dat Politescht ugeet, sollen awer déi lo Mol schaffen, déi do sinn", dat sot de François Bausch e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De fréiere Minister an Deputéierten ass elo zanter enger Woch an der politescher Pensioun. Hien huet sech als Deputéierten, 35 Joer nodeems en eng éischte Kéier vereedegt gouf, zréckgezunn.
Zeréck gekuckt op seng Karriär huet de François Bausch den Tram, den Ausbau vum Zuchreseau an de gratis ëffentlechen Transport ervirgestrach. "Alles hat säi Reiz. Alles hat seng Zäit", seet hie réckbléckend. Hien hätt ëmmer wëlle gestalten an eppes ëmsetzen. Dat géif an der Majoritéit nu Mol vill besser goen. Et misst ee Kompromësser maachen, géif natierlech och e bësse "seng Onschold verléieren". Mä et misst ee wëssen, ëm wat et engem geet. Fir hie wier et vun engem gewësse Moment u kloer gewiescht: Reforme maachen an d'Gesellschaft weider bréngen.
Grouss Regreten huet hien net. Et sollt een zu deem stoen, wat ee gemaach hätt. Sécherlech géif een haut Saachen anescht maachen, well een d'Erfarung huet. Mä hie géif zu deem stoen, wat e gemaach hätt.
De François Bausch huet bedauert, datt déi Gréng de Leit net gutt genuch erkläert kruten, wéi wichteg déi ekologesch Transitioun wier, an datt een näischt géif verléieren, mä eppes wannen. De Generatiounswiessel wier bei de Grénge gelongen, och wann en net sou abrupt bei de leschte Chamberwalen hätt misse kommen. Déi Gréng hätten, senger Meenung no, eng grouss Zukunft, well se en Thema besetzen, dat am Interêt vun de Leit wier. Déi Gréng géife mat hirer ganzer Experienz méi wéi jee gebraucht ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.