En Donneschdeg de Moie waren de Science Center an de Bedruch bei der Caritas Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et ass ganz schlëmm, wat do geschitt ass. Mir wëssen nach net, wéi alles ofgelaf ass. A wa mer einfach weider Suen iwwerweisen, wësse mer net, wat mat deene Sue geschitt. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun zu der Causa Caritas, nodeems do ronn 61 Milliounen Euro verschwonne sinn. D’Regierung iwwerweist elo Mol bis op Weideres keng Gelder méi.

Invité vun der Redaktioun: Claude Meisch

Et hätt een eng kloer Prioritéit, nämlech datt d’Aktivitéiten, déi ee mat der Caritas huet, weiderlafen, well se fir vill Leit noutwendeg wieren.D'Leit dierfen net ënnert enger schlechter Gestioun an enger krimineller Energie leiden, fënnt de Claude Meisch. Déi kriminell Energie, sief et intern oder extern, misst opgedeckt a bestrooft ginn. De Staat kéint déi 61 Milliounen Euro net op seng Käschten huelen. “Mir maache lo Mol lues. D’Caritas muss dat reegelen an da kucke mer, wéi mer viru fueren”, huet de Minister ënnerstrach.
 
“Mir ginn dervun aus, datt net all ze vill staatlech Gelder verschwonne sinn”, huet hien nach erkläert. De Verwaltungsrot vun der Caritas wier kloer an der Verantwortung. Den Educatiounsministère huet mat der Caritas virun allem eng Kooperatioun fir den Accompagnement vu mannerjärege Flüchtlingen, déi op Lëtzebuerg kommen. De Claude Meisch sot och nach däitlech, datt ee mat honnerten Asble géif ganz gutt zesumme schaffen.

Geldkrunn beim Science Center ass zou

Beim Science Center gëtt et zanter bal zwee Joer Problemer mat a Kritik un der Gouvernance an un der Persoun vum Nicolas Didier. Deen ass Direkter vum Science Center, parallel och President vum Verwaltungsrot a Chef vun der Firma GGM11, déi als eenzege Client de Science Center huet. De Ministère huet en Audit maache gelooss, fir ze iwwerpréiwen, ob 3 Rechnungen am Wäert vun 1,9 Milliounen Euro zoulässeg sinn. De Claude Meisch huet en Donneschdeg confirméiert, datt een deen Audit un de Parquet weiderginn hätt. Den Audit kënnt zur Conclusioun, déi Rechnunge wären net ze beleeën. De Claude Meisch bleift dowéinst derbäi, datt de Staat déi Rechnungen net iwwerhëlt.

Et wär virun allem de Verwaltungsrot, deen an der Responsabilitéit ass. Et wär net um Minister, sech an d’Gestioun vun enger Asbl anzemëschen an ze soen, wie wat soll maachen. De Verwaltungsrot an den Nicolas Didier hätte sech effektiv laang Zäit gelooss, fir op Fuerderungen ze reagéieren, déi scho virun engem Joer gestallt goufen. De Claude Meisch huet widderholl, datt dat him net duer geet, an datt et net an deem Zäit-Rhythmus dierft weidergoen. Kloer wär, datt d’Konventioun ausgelaf ass. An datt et keng weider staatlech Finanzementer gëtt, wann net all Konditiounen ëmgesat ginn.

Wéini dat alles soll de Fall sinn, dorobber gouf et en Donneschdeg de Moie keng Äntwert. De Staat wëll zwee Memberen an de Verwaltungsrot kréien. Déi zwee staatlech Membere wäerte kloer soen, datt den Nicolas Didier weder President nach Direkter soll bleiwen. De Minister kéint héchstens de Geldkrunn zoudréinen, wat en och gemaach hätt, mä d’Asbl an de Verwaltungsrot hätten d’Soen. Dat géif leider zu Laaschte vun de Mataarbechter an och vun de Visiteure goen, bedauert de Claude Meisch. De Science Center hätt just eng Chance, wann ee bei Null géif ufänken, ouni den Nicolas Didier, huet de Minister ënnerstrach.

Petitioun géint LGBT-Themen an der Schoul

Eng Petitioun géint LGBT-Themen an der Schoul krut bannent 3 Deeg déi néideg Ënnerschrëften, fir an der Chamber debattéiert ze ginn. Um Donneschdeg Moien haten iwwer 6.600 Leit d’Petitioun ënnerschriwwen. Dat wär natierlech net déi Vue, déi hien an de Ministère op d’Schoul hunn. D’Schoul misst op d’Liewe preparéieren a wéi d’Gesellschaft eebe wier. An do kéint een déi Themen net ausklameren, sot de Claude Meisch. D’Thema misst natierlech altersgerecht behandelt ginn. Hie wäert seng Positioun de Petitionäre kloer erklären. Et géif awer och weisen, datt een zwar vill erreecht hätt. Mä et géif een och gesinn, datt dat net definitiv erreecht gouf an datt ëmmer nees misst nei erkläert ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.