E Freideg de Moien war d'Santé Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Gesondheetssystem misst ugepasst an d’Capacitéiten an d’Luucht gesat ginn. "Mir mussen de Courage hunn, méi wäit ze plangen an do hu mir vläicht e System, deen net ee vun den aller-agilsten ass", esou den Dokter Marc Berna e Freideg de Moien hei op RTL. De Vizepresident vun der Spidolsfederatioun a Generaldirekter vun den Hopitaux Robert Schuman huet begréisst, datt d’Regierung ugekënnegt huet, datt den Depistage vu Broscht- an Daarmkriibs op méi jonk Alterstranchen erweidert géing ginn. Béid Depistagen kann een elo scho vu 45 Joer u kréien. Fir dës Prozedure misst ee sech awer dem Dokter Marc Berna no och d’Moyene ginn.
 
Leit, déi dringend Hëllef brauchen, deene gëtt och gehollef, huet den Dokter Berna virop ënnerstrach. Bei de laange Waardezäiten, do wier een am Beräich vun "eligibelen Ënnersichungen", ewéi zum Beispill Depistage. Op d’Fro, ob d’Erweiderung vum Depistage laang Waardezäite bei Mammographien oder Daarmspigelungen net verschäerfen, huet de Dokter Marc Berna mat enger "analytescher" Equatioun geäntwert: graff resuméiert sot hien, et wier eng Fro vun Offer an Demande. An dësem Fall eng Fro vun Demande an Offer.
 
Bei deenen engen Ënnersichunge feelt et un Apparater, bei deenen aneren un Dokteren. Sou zum Beispill bei den Daarmspigelungen. Bei den IRM’en do feelt et dem Dokter Berna no nach ëmmer un Apparater. Well obwuel méi Apparater déi lescht Jore bäikoumen an d’Ënnersichungen op Samschdes a Sonndes erweidert goufen, wieren d’Waardezäiten nach ëmmer bei engem Mount am Duerchschnëtt. Un Apparater géing et och feelen, wat d’Mammographien ugeet oder d’PET-Scans (fir Tumoren an Organ-Krankheeten z’ënnersichen, nvdr). Fir den Dokter Berna ware verschidde Regulatioune méiglecherweis ze rigid, respektiv et hätt een net genuch iwwerluecht wat et bedeit, wann d’Populatioun wiisst.
 
Méi IRM’en, méi Mammographien, méi PET-Scans, Ok. Ma wéi a wou fënnt ee méi Doktere fir Daarmspigelungen? Dat wier eng Fro vun der Attraktivitéit, esou de Vizepresident vun der Spidolsfederatioun. Wat d’Rémunératioun ugeet, déi wier alles an allem "guer net esou schlecht". Da kéimen aner Facteure vu Liewensqualitéit a professionelle Perspektiven. Besonnesch wat d’Ausbildung ugeet, wier Lëtzebuerg hannendran. Historesch gesi gi fënnef Mol manner Soignanten hei ausgebilt, ewéi an de Nopeschlänner an et gëtt keng ganz Ausbildung fir Dokteren, esou de Dokter Berna.

Eng national Ulafstell?

Eng eenzeg Ulafstell fir all d’Demanden ze traitéieren, dat wier dem Spidolsdirekter no keng Onméiglechkeet. An de Spideeler wier et nach virun engem Joer keng ginn, mee do wier een amgaang nozebesseren. Wat eng national Ulafstell ugeet, dat wier a sengen Ae méi schwiereg, well d’Spideeler mat verschiddenen informatesche Systemer funktionéieren. Dem Marc Berna no wier et besser, wann d’Spideeler sech besser ënnerteneen austausche géifen.
 
Wat d’geplangte Reform vum "virage ambulatoire" ugeet, do ass fir den Dokter Berna wichteg, datt d’Spideeler an d’Servicer baussent de Spideeler déi selwecht Rahmebedingunge missten hunn, esouwuel wat d’Obligatiounen ugeet, ewéi d’Aarbechtskonditiounen an d’Bezuelung.

Invité vun der Redaktioun: Dokter Marc Berna

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.