En Dënschdeg de Moie war e méiglecht Pandemie-Gesetz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Vill Leit gesi mech nach ëmmer als de Pandemie-Dokter, obwuel ech mëttlerweil jo op ganz aneren Dossiere schaffen. Dat sot den Dr. Gérard Schockmel en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Spezialist fir Infektiounskrankheeten an DP-Deputéierte jugéiert et als gudden Indicateur, mat Bléck op d'Pandemie, dass hien net méi souvill an der Ëffentlechkeet stéing. Da wier och manner lass. Wichteg wier et trotzdeem, politesch ze plangen, wat geschéie soll, wann nees eng Pandemie kënnt. Ob dat am Kader vun engem Gesetz iwwer d’ëffentlech Gesondheet geschitt oder an engem spezielle Pandemie-Gesetz, wier egal.

Schlecht Kommunikatiounspolitik an der Pandemie

Wat ass wärend der sanitärer Kris schif gelaf? Do bedauert den Dr. Schockmel, dass net besser iwwert d’Impfstoffer informéiert gouf, virun allem iwwert hir Entwécklung. Doduerch hätten d’Leit sech probéiert, selwer ze informéieren, och via sozial Netzwierker a wieren do och mat “aneren Experten” a Kontakt komm. Et hätte sech carrement ganz online-Gemeinschafte forméiert, wou et dann och zu ville Verschwörungstheorië koum. Dat iwwert d’Politik, iwwer d’Medezin, och vill iwwer d’Wëssenschaft am Allgemengen a ganz besonnesch punkto Vaccinen. Dat hätt mat zu enger Polariséierung vun eiser Gesellschaft bäigedroen, sou vill wéi ni virdrun. Och de Gemeinschaftssënn wier doduerch verluer gaangen. D’Leit wéilte just nach dat maachen, wat hirer Iwwerzeegung entsprécht a sech net ralliéieren un dat wat am Interessi vun der Allgemengheet ass.

An der Pandemie wieren och 30 Covid-Gesetzer gestëmmt ginn, wou d’Deputéiert dacks guer keng Zäit haten, fir d'Texter a Rou kënnen ze studéieren. Och haut géing ee mierken, dass d’Chamber nach ëmmer net esou mat an den demokratesche Prozess agebonne gëtt, wéi et misst sinn, sou d’Kritik vum DP-Deputéierten un d’Regierung. 
 
Affär Caritas: Grouss Kultur vun der Verantwortungslosegkeet

Mir hu mam Dokter awer net just iwwer d’Pandemie geschwat. Och d’Affär ronderëm déi verscholle Sue bei der Caritas war e Sujet.  Et wier offensichtlech e grousse Gouvernance-Problem bei der Caritas. 
 
“Hei schwätze mer vun 61 Milliounen, vun iwwer 120 Iwwerweisungen op Konten a Spuenien. All Iwwerweisung huet jo missten autoriséiert ginn. Am Prinzip gëtt et de System vun zwou Ënnerschrëften, da freet ee sech, wéi ass dat méiglech.” 
 
Méi onseriö a méi onverantwortlech kéint eng Organisatioun net opgestallt sinn, fir dass esou eppes méiglech ass, kritiséiert den Deputéierten, dee fréier selwer am Verwaltungsrot vu Médecins sans frontières souz an och 1 Joer laang President vun der grousser ONG war. Allgemeng constatéiert den DP-Politiker, dass et hei am Land bei de Verwaltungsréit dacks eng grouss Kultur vun der Verantwortungslosegkeet gëtt. De Verwaltungsrot hätt déi héchste Verantwortung, mee de facto wiere se duerno guer net haftbar. Beispiller géingen et genuch ginn: Staatslabo, CMCM, Proaktif an eben d’Caritas.

Fuerderungen un d’Regierung

Den Dr. Schockmel huet dräi Recommandatiounen un d’Regierung am Dossier Caritas. Éischtens fuerdert hien eng Plattform ze schafen, fir d’Finanztransaktiounen, wou all d’Transaktioune kontrolléiert gi vum Staat. Zweetens bräicht et ee Gesetz, wou minimal Ufuerderungen un d’Gouvernance definéiert ginn. An drëttens, dass d’Konventioune mat ONGen iwwerschafft ginn, fir all deem Rechnung ze droen, sou den DP-Deputéierten.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Gérard Schockmel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.