En Donneschdeg de Moie waren d'Landwirtschaft, ma och déi 5 verstuerwe Muppen an enger Hondspensioun Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir hu scho geliwwert a liwweren nach, sot en Donneschdeg de Moien d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Si war eis Invitée vun der Redaktioun. Et geet ëm Upassungen a Verbesserunge fir d’Baueren, déi um Landwirtschaftsdësch annoncéiert goufen. D’Bauerenzentral an d’Bauerenallianz haten déi lescht Woche bedauert, et géif net séier genuch virugoen. An am Ëmweltministère géife Beamte bremsen. D’Agrargesetz gëtt ugepasst bei de Primmen oder der Unzuel vu Kontrollen, sou d’Martine Hansen. Am September ass d’Ammoniak-Reduktioun nees en Thema. Bauen an der Gréngzon soll méi einfach a pragmatesch ginn. Nach e Mëttwoch hätt si mam Ëmweltminister Serge Wilmes geschwat, dee si do ënnerstëtzt. Am November soll den Aarbechtsgrupp fäerdeg sinn. An da géif ee sech als Ministeren zesummesetzen a politesch Decisioun huelen. Kloer ass awer fir d’Ministesch, datt et keng sënnlos Virschrëfte méi soll ginn. 

Impfe géint d’Blozongekrankheet

D’Blozongekränkt plot den Ament d’Baueren. Ranner, Schof a Geessen kënne se kréien, si gëtt iwwer kleng Mécken iwwerdroen. Am August gouf et knapp 500 positiv Fäll. D’Martine Hansen huet nach emol den Appell gemaach, fir d'Déieren ze impfen. Eng 70.000 Dose wiere scho genotzt ginn. Bei de Schof ass wéinst der Gréisst d’Stierflechkeet méi héich wéi bei de Kéi. De Mënsch muss awer näischt fäerten och net, wann ee Fleesch vun engem infizéierte Béischt ësst oder Mëllech drénkt.

Doud vu 5 Muppen an enger Hondspensioun

D’Veterinärsverwaltung war an d’Hondspensioun op Käerjeng kucken. Du ware keng Hënn méi do. D’Autopsie vun engem Hond gëtt den Ament nach zu Léck gemaach. Déi aner 4 Muppe konnt een net méi ënnersichen. Well eng Enquête amgaangen ass, kéint si net méi Detailer nennen. D’Veterinäre maachen och Rapporten. Wa mer dat alles beieneen hunn, gi mer alles un de Parquet weider, sot d’Martine Hansen. Et deit awer op e Feelverhale vun de Leit an der Hondspensioun hin.
 
D’Agrarministesch sot och, datt ee fir méi Transparenz a Kloerheet am Secteur wéilt suergen. Vill Leit wéissten net, datt een effektiv zwou Autorisatiounen brauch. D’Pensioun zu Käerjeng war just beim Wirtschaftsministère registréiert, hat awer keng Autorisatioun vum Landwirtschaftsministère. Ob d’Koppel nach eng Pensioun hannert der franséischer Grenz huet, dozou konnt d’Martine Hansen näischt soen.

Net genuch Hondspensiounen

Spéitstens d’nächst Joer wëll een eng Lëscht erausgi vun deene Pensiounen, déi all Critèren erfëllen. Et géif och net genuch Hondspensioune ginn. Mam Secteur wëll si kucken, firwat dat esou ass. Den Déiereschutz géif engem um Häerz leien. Wann een eppes matkritt, wou en Déier net gutt gehale gëtt, soll een dat mellen iwwer help@deier.lu.

Déiereschutzgesetz soll ugepasst ginn

Mir hunn e ganzt ambitiéist Déiereschutzgesetz, sot nach d’Landwirtschaftsministesch. Mä et wier nach vläicht net ambitiéis genuch. Mir wëllen et an eenzele Punkten upassen: bei de Kontrollen, de Sanktiounen an och zum Beispill méi kloer definéieren wat eng Hondspensioun ass a wéi eng Konditiounen ee muss erfëllen.

Invitée vun der Redaktioun: Martine Hansen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.