E Freideg de Moie war d'Situatioun vun de Kinéen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Lëtzebuerg huet ze vill Kinéen. 1.700 liberal Kinéen a 400 Salariéen. Et misst ee kucken, datt Kinéen, déi hei sinn, hir Aarbecht behalen an net ëmmer neier derbäi kéimen. Dat sot e Freideg de Moien de Patrick Obertin, President vun der Lëtzebuerger Kinésassociatioun um RTL-Mikro. Lëtzebuerg hätt déi héchste Konzentratioun u Kinéen a ganz Europa. All Joer géife sech 80-90 nei Kinéen am Grand-Duché néierloossen.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Obertin

Lëtzebuerg hätt e ganz gudde Gesondheetssystem an eng attraktiv Prise en charge.Et géifen och vill Patiente Seance beim Kiné verschriwwe kréien, well et effikass wier, sou de Patrick Obertin.

D’Käschte bei de Kinéë sinn explodéiert. Well an de leschte Joren ëmmer méi Kinéë bäikomm sinn, sinn och d'Käschte vun der CNS an d'Luucht gaangen, dat ëm 20 Prozent an nëmmen zwee Joer.

Mat der CNS wär een net weiderkomm, fir d’Zuel vun de Kinéen an de Grëff ze kréien, d’Politik wär gefrot. Et wier ganz einfach, fir hei am Land ze schaffen. Am Ausland kéint een deels net sou einfach eng Praxis opmaachen.

2021 war d'Kinésassociatioun mat der Gesondheetskeess an der Mediatioun, well ee sech an den Tarifverhandlungen net eens ginn ass. Antëscht wieren d'Relatioune besser an d'Kinéë kruten och déi gefroten Tarifaugmentatiounen zougestan. De Patrick Obertin geet dann och zouversiichtlech an déi nächst Tarifverhandlungen eran, déi lo ustinn.

D'Gesondheetskeess huet an de leschte Jore systematesch d'Facturatioune vun de Kinéë kontrolléiert. Eppes wat absolut vun der ALK (Association luxembourgeoise des kinésithérapeutes) ënnerstëtzt gëtt. Aus dem Rapport vun der CNS geet ervir, datt 69 Kinéen zejoert opgefall sinn. 51 hu missen nobezuelen, well se falsch mat der CNS ofgerechent haten. An et gouf eng Denonciatioun beim Parquet.

Guer net d'accord ass d'Associatioun vun de Kinéë mam neien SAS-Kollektivvertrag, dee ganz rezent ausgehandelt gouf. Am Prinzippienaccord wier festgehalen, datt just Leit, déi, déi nei an de Beruff eraklammen, hire Masterdiplom unerkannt kréien. Déijéineg, déi scho jorelaang schaffen, géifen allerdéngs weider am Ree stoe gelooss ginn an dës Unerkennung net kréien. Leit mat 10, 20 Joer Beruffserfarung "bleiwen am Paddelboot" an "déi aner komme mam Motorboot".

Et wier onverständlech, an engem an deem selwechte Kollektivvertrag zwou verschidde Kategorien ze hunn. Donieft bleift d'Diskrepanz zu dem besseren FHL-Kollektivvertrag. Kloer wier, datt d'Kinésassociatioun dat net esou wäert acceptéieren. Iwwert déi genee Schrëtt géif een nach beroden.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.