De Findel ass ee vun de "Stress-fräisten" Fluchhäfen an Europa
En Dënschdeg de Moie war de Lëtzebuerger Lux-Airport an de Fluchtrafic Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
E futtisse Metalldetekter an e Lach an der Landepist. Béides hat an de leschte Méint fir Chaos um Fluchhafe gesuergt. Mir hätten eis déi zwee Deeg net gewënscht, mee mir hu probéiert séier an an aller Transparenz ze reagéieren. Dat sot den Alexander Flassak en Dënschdeg de Moien. De Generaldirekter vu Lux-Airport war eisen Invité vun der Redaktioun.
95% sinn a manner wéi 15 Minutten duerch d'Sécherheetskontroll
Allgemeng wier et awer ee ganz erfollegräicht Joer fir Lux-Airport. Fir d’éischte Kéier hätt een iwwer 5 Millioune Passagéier transportéiert. An trotz ville Leit, déi sech iwwer laang Waardezäite beschwéieren, präziséiert de Generaldirekter dass de Lux-Airport d’lescht Joer als ee vun de "Stress-fräiste" Fluchhäfen an Europa ausgezeechent gouf (Plaz 2). Um Findel wieren donieft 75% vun de Passagéier a manner ewéi 5 Minutten duerch d'Sécherheetskontroll komm. A souguer 95 Prozent a manner wéi enger véierel Stonn. Dat wier am internationale Verglach immens gutt. Mee natierlech wier ëmmer Potential do, fir sech nach ze verbesseren, sou den Alexander Flassak.
De Fluchhafe gëtt ausgebaut
Stäerkste Mount war dëst Joer de Mee, wéinst deene ville Feierdeeg a laange Weekender. De Juli an den August hätt ee jeeweils iwwer 500.000 Leit transportéiert. An de leschte Jore wier de Lux-Airport däitlech gewuess, net just punkto Passagéier, mee och wat de Cargo-Business ugeet. D’Infrastruktur géing dofir no an no erweidert a moderniséiert ginn - villes am Hannergrond, wat net esou visibel wier. Zum Beispill hätt een an der Pandemie de ganzen Transport-System vum Gepäck komplett moderniséiert. Personal hätt een och genuch. Ma, de Fluchhafen wier bëssen Affer vu sengem grousse Succès, well sech d'Zuel vun de Passagéier an de leschten10 Joer huet sech verduebelt. Et géif dofir och weider ausgebaut ginn. Ma wéinst der geographescher Plaz um Findel kéint de Fluchhafen och net onendlech wuessen.
Mat enger “Runway” also Start- a Landebunn, kéint ee bis elo 5 Milliounen Passagéier transportéieren. London Stansted hätt mat enger Runway 28 Millioune Passagéier a London Gatwick mat enger Runway iwwer 40 Millioune Passagéier. Et géing also Loft no uewe ginn.
Nächst Chantieren, déi geplangt sinn
Et géing een deemnächst mat der Erweiderung vum Terminal ufänken. Dëst Joer géinge fir d’éischt mol déi sanitär Beräicher erweidert ginn. D’nächst Joer ginn da wéinst dem Skypark-Business Center (dat grousst neit Gebai direkt nieft dem aktuellen Terminal mat 10.000 m2 Geschäftsflächen) vill Aktivitéiten aus dem Terminal dohi verluecht an déi Fläch kéint een duerno de Passagéier zur Verfügung stellen. Da brauch de Fluchhafe geschwënn och en neit Tanklager an een neien Tower.
Och bei de Parkplaze géing ee weider ausbauen. Dëst Joer hätt een 800 nei Plaze geschaaft, déi wieren dëst Joer zu 98 Prozent ausgelaascht gewiescht. An donieft fiert vun nächstem Joer un och den Tram bis op de Findel, dorop géing ee sech wierklech freeën, sou den Alexander Flassak.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.