"Lëtzebuerg muss an der Santé méi mat der Groussregioun zesummeschaffen"
En Mëttwoch de Moie waren d'Gesondheet, d'Personal an de Spideeler an d'Healthcare Week d'Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
E Master an der Medezin op der Uni Lëtzebuerg léist de Ressourcemanktem an der Santé net. Vill méi misst een transnational Parcoursen an den Etüde fir Dokteren a Soignanten opbauen, sot e Mëttwoch de Moien de President vun der Spidolsfederatioun Dokter Philippe Turk als eisen Invité vun der Redaktioun. D'Fro vun de Ressource beim Personal kéint ee senger Meenung no net nëmmen national léisen. Och wann d'Uni Lëtzebuerg an Zukunft Dokteren net um Niveau vun engem Master géif forméieren, géif et vun der Zuel hier wäit net duergoen, fir d'Lächer ze stoppen. Dat wier eng Evidenz, huet den FHL-President betount. Sou e Master an der Medezin zu Lëtzebuerg géif awer d'Attraktivitéit vum System verbesseren a gëtt och kloer vun der Spidolsfederatioun ënnerstëtzt. Et misst een awer net zwéngend een eenzegt Unisspidol opbauen. D'FHL setzt éischter weider op d'Zesummenaarbecht vun den eenzele Spideeler an der Ausbildung vun den Dokteren.
Medezinsstudente solle méi e klore Statut kréien
D'Spidolsfederatioun plädéiert awer fir méi eng kloer Vue iwwert de Statut vun de Medezinsstudenten an de Spideeler an den Dokteren, déi ausbilden. Do géif et bis elo net vill Kohesioun. Haut wéisste Medezinsstudenten, déi am Ausland studéieren, mol net, u wie se sech riichte sollen, wa se op Lëtzebuerg komme wëllen.
Donieft ënnerstëtzt d'FHL d'Fuerderung no besseren Aarbechtskonditioune fir Studenten. Den Onlinemagazin Reporter hat an engem rezenten Artikel vu 60 bis 80 Stonne pro Woch a Schichte vu bis zu 20 Stonne geschriwwen, déi vu verschiddene sougenannte "médecins en voie de spécialisation" kritiséiert goufen.
Méi Effizienz duerch d'Digitaliséierung
Dem Dokter Philippe Turk no wäert de Lëtzebuerger Gesondheetssystem an Zukunft sécher net mat méi disponibele Ressourcë kënne rechnen. Fir eng adequat Gesondheetsversuergung awer garantéieren ze kënnen a méi effizient ze ginn, setzt de President vun der FHL grouss Hoffnung an d'Digitaliséierung. Haut wier d'Personal nach vill mat administrativer Aarbecht geplot. Duerch d'Digitalisatioun kéint een Zäit mam Patient gewannen, sou de Wonsch.
D'Spideeler wiere schonn e grousse Schrëtt weiderkomm. E groussen Challenge bleift awer nach den digitalen Informatiounsfloss tëscht den Haiser a mat den anere Gesondheetssecteuren. De Philippe Turk begréisst an deem Kontext, datt d'Politik d'Wichtegkeet erkannt hätt, fir den elektronesche Patientendossier z'iwwerschaffen.
D'Relatioune mat der Ressortministesch Martine Deprez wieren allgemeng exzellent, sot eisen Invité de Moien. D'Vuen, wéi e Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg gebraucht gëtt, géife largement gedeelt.
Healthcare week: Gesondheetspolitik europäesch denken
An dräi Wochen invitéiert d'Spidolsfederatioun op déi zweeten Editioun vun der sougenannter "Healthcare Week". D'Zil vun der Konferenzserie ass et, fir mat Professioneller aus dem Gesondheetssecteur aus der Groussregioun driwwer ze schwätzen, wéi een déi verschidde Gesondheetssystemer an der Groussregioun besser openeen ofstëmme kann an d'Zukunft deelweis zesumme gestalt. Et wieren ëmmerhin eng 12 Millioune Leit concernéiert, sou den Dokter Turk.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.