En Donneschdeg de Moie war ënner anerem d'Caritas d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Caritas Affär huet ageschloe wéi eng Bomm, sou de Familljeminister en Donneschdeg de Moien. De Max Hahn war eisen Invité vun der Redaktioun. Wann 61 Milliounen Euro kënnen detournéiert ginn, da stelle sech vill Froen. D'Caritas wier awer e wichtege Partner vum Staat wann et drëm geet, Terrain- a Sozial-Aarbecht ze maachen.

De Max Hahn bleift formell: et wier awer kee Feeler am Staat oder an der Relatioun tëscht Staat a Caritas geschitt, mee bannent der Caritas. Et wier och elo wichteg, keen Amalgamm ze maachen tëscht der Caritas an aneren ONGen, mat deenen ee Konventiounen huet. Hei wiere Krimineller um Wierk gewiescht. Wann ee wéisst, wou d'Feeler am System sinn, da géif gekuckt gi wéi een déi kéint behiewen. Déi concernéiert Ministèren hätten sech awer séier zesumme gesat, fir datt d'Caritas-Servicer ënner enger neier Entitéit kéinte weider assuréiert ginn. Dës Entitéit soll den éischten Oktober stoen. Donieft wier et natierlech och wichteg ze kucken, wéi ee sech mat alle konventionéierte Partner vum Staat besser kéint opstellen.

Mir si ganz solidaresch zu Lëtzebuerg

De Max Hahn ass och zoustänneg fir den Accueil vu Flüchtlingen. An Däitschland schléit d'Migratiounsdebatt grad héich Wellen. Zu Lëtzebuerg géingen et 8.200 Better ginn. Am Verglach mat de Benelux-Partner wier ee ganz gutt opgestallt. Wa si proportionell gekuckt, d'nämmlecht vill Better wéilten hunn, bréichte si der 3 Mol, respektiv 4 mol méi. Frankräich souguer 8 Mol méi an Spuenien 30 Mol méi Better. Donieft hätt de Grand-Duché och nach eng Reserve vun 100 Better. Mee, et wier een awer um Enn vu senge Capacitéiten ukomm, gëtt de Minister zou.

De Max Hahn wëll sech och fir eng besser Integratioun vun de Flüchtlingen asetzen. E Programm, fir si ze fërderen, géif elo ausgeschafft ginn. Notamment, fir, dass si op den Aarbechtsmaart kommen. Dat géif Sënn maachen, wann een déi grouss Penurie um Aarbechtsmarché géing gesinn.

E neien Guichet social fir Enn 2025

Kuerz virun der Summerpaus war d'Aarmut hei am Land Sujet an eisem Background. Ee Constat vun den Assistans sociaux ass, dass si ëmmer manner Zäit hunn, fir hir Clienten ze betreien duerch ze vill Bürokratie. Dacks wéisste vill Leit och net, dass si iwwerhaapt fir Aiden eligibel wieren. Vill Sozialleeschtunge ginn bis zu 80 Prozent net genotzt, bedauert de Max Hahn. A grad do misst een usetzen, am Kampf géint d’Aarmut.

Enn d’nächst Joer soll sech dat mam Guichet social änneren, versprécht de Familljeminister. Op der enger zentraler Plaz géing een d'Leit informéieren, sensibiliséieren an och orientéieren. Dat Ganzt soll och op enger physescher Plaz sinn, mee och als Online-Plattform, wou ee sech kann ausrechne loossen, fir wéi eng Hëllefen een eligibel wier. Et soll donieft och eng Telefonshelpline ageriicht ginn, erkläert de Max Hahn.

Invité vun der Redaktioun: Max Hahn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.