Den SNE ënnerstëtzt de Smartphone-Verbuet an der Grondschoul. An deem Kader war de President Patrick Remakel Invité vun der Redaktioun.

Mir ënnerstëtzen den Smartphone-Verbuet an der Grondschoul, well e stéiert de Cours a suergt fir vill Problemer. Zum Beispill géinge Fotoen gemaach ginn an a WhatsApp-Gruppen gedeelt ginn. Dat géing och zu Mobbing féieren, bedauert de Patrick Remakel.  De President vun der Enseignantsgewerkschaft SNE war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

Fir d’Verbuet ëmzesetzen, misst keen Schoulgesetz geännert ginn. Hei géing d’Autoritéit vum Enseignant spillen, sot de Claude Meisch d’lescht Woch. Hie géing dëse Message vum Educatiounsminister begréissen. Et géing een domat de Réck gestäipt kréien. Wichteg wier awer, datt och d'Elteren zesummen mat allen Acteuren am Enseignement de Verbuet hëllefen ëmzesetzen, sou den Invité.

Ëmmer méi Kanner mat Opfällegkeeten am Verhalen

Eng grouss Suerg vun den Enseignanten ass absënns, dass et ëmmer méi Kanner mat spezifeschen Besoine gëtt. Genee Chiffere wéi vill Kanner dat sinn, hätt een net. De Ministère hätt déi och net. Allerdéngs géinge sech ëmmer méi Enseignante beim SNE mellen, well se Kanner mat spezifesche Besoinen an hiren Klassen hunn. Dat geet vun Kanner mat Dyslexie an Dyspraxie, bis hin zu Kanner mat Verhalensopfällegkeeten, där et der ëmmer méi ginn oder Kanner mat spezifesche medezinesche Besoinen.

De Minister hätt zwar Mesurë geholl, wéi zum Beispill den Opbau vun Kompetenzzenteren, mee do misst een de Fonctionnement iwwerdenken an dat géing bei Wäitem och net duergoen. Et misst een do éierlech sinn, verschidde Kanner, virop déi sougenannt “Systemsprenger”, missten temporär aus dem normalem Unterrecht erausgeholl a speziell encadréiert ginn. Dofir misst awer och d'Personal opgestockt ginn, déi sougenannt I-EBSen "Instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs spécifiques”. Et bräicht een och eng Taskforce fir an de Schoulen kënnen z’intervenéieren, wann et brennt, fuerdert den SNE.

Burnout bei Enseignanten

D’Enseignantsgewerkschaft huet an der Vakanz e ganzen Cahier de charges ausgeschafft, déi si dem Claude Meisch wëlle presentéieren. Nieft dem Encadrement vu Kanner mat spezifesche Besoinen, misst een onbedéngt iwwer den Bien-être vun den Enseignante schwätzen. An enger Etüd, déi si virum Summer presentéiert hätten, wier erauskomm, dass ronn 30 Prozent vun den Enseignanten kuerz virun engem Burnout stéingen an dat wier direkt liéiert un de Problem vu Kanner mat spezifesche Besoinen. Den SNE war enttäuscht, dass de Minister Meisch d’Wuelbefanne vun den Enseignanten iwwerhaapt net fir d’Rentrée thematiséiert hätt.

"Eise Rot un d’Politik an eise Rot un de Minister setzt all eis Fuerderungen ëm, wat den Encadrement vun Kanner mat spezifesche Besoinen ubelaangt,” sou de Patrick Remakel.

Politesche Message un d’Elteren wier wichteg

E grousse Problem wier och, dass eng Rei Elteren wuel géinge mengen, dass d’Schoul alles misst assuméieren. Dass se d’Kanner moies an d’Maison Relais bréngen a se Owes nees dohin siche ginn. Dass se do "be-spaasst" ginn, an der Schoul ënnerriicht ginn an dass fir de Recht och nach Erzéiungsaarbecht gemaach gëtt. Do géing heiansdo och de politesche Message un d’Elteren feelen, nämlech dass Elteren net just Rechter hunn, mee och Flichten, erkläert de Patrick Remakel.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Remakel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.