Finanzplaz wiisst weider an ass de Motor vun eiser Wirtschaft
En Dënschdeg de Moie war d'Lëtzebuerger Finanzplaz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Finanzplaz wiisst, ass zolidd opgestallt an diversifiéiert, dat sot en Dënschdeg de Moien den Tom Théobald als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien ass den neie CEO vu "Luxembourg for Finance", der Agence fir d’Lëtzebuerger Finanzplaz ze fërderen a se weider z’entwéckelen.
Eis Finanzplaz hätt sech ganz resilient gewisen an enger Phas, déi an der Lescht net evident war. Si mécht 1/4 vun der Wirtschaftsleeschtung aus. Et wär ganz kloer de Motor vun eiser Wirtschaft, sot den Tom Théobald, de "Bifdeck", deen zum Wuelstand vum Land bäidréit. 70.000 Leit schaffen op der Finanzplaz an indirekt hänken 135.000 Plaze vun hir of.
D’Finanzplaz hätt eng zolidd Basis, wär net monolithesch an hätt vill Pilieren. Mir wäre ganz kloer nach innovativ genuch an hätten et fäerdeg bruecht eis unzepassen an ze innovéieren. Wichteg wär, datt ee Leit, Talenter vu baussen unzitt. Lëtzebuerg an d’Groussregioun géifen net méi duer goen, fir ze rekrutéieren.
An 10 Joer gesäit de Chef vu "Luxembourg for Finance" d’Finanzplaz méi digitaliséiert a méi nohalteg a wou méi op KI, déi Kënschtlech Intelligenz, zréck gegraff gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.