E Mëttwoch de Moie waren d'Affär Caritas an den No-Ost-Konflikt Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Ech war eréischt virun 2 Wochen an der Chamber, et gouf näischt Neits an ech war am Ausland, sou huet den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel op d’Kritik reagéiert, datt hien e Méindeg net an der grousser Chamberkommissioun iwwer d’Caritas war.
 
Et wär ganz schued, datt géif polemiséiert ginn an engem Dossier, deen net fir ze polemiséiere wär. Hie géif de Choix vun der Caritas bereien, datt déi international Aktivitéite gestoppt goufen. D’Caritas hätt och kënnen anescht decidéieren an zum Beispill Immobilie verkafen, fir Cash ze kréien, huet de Minister Bettel gemengt. Si géif jo Ierfschafte kréien. Hie géif net acceptéieren, wa gesot gëtt, d’Regierung hätt d’Caritas fale gelooss.
 
Säi Ministère wär zanter zwee Méint am gaangen ze kucken, wou genee Suen ukomm sinn oder net. Gewosst wär, datt 5,2 Milliounen Euro iwwerwise goufen. An et gesäit sou aus, wéi wa méi wéi d’Hallschent verschwonnen ass, sou de Xavier Bettel. Hei wären awer nun emol Sue geklaut ginn. An et kéint een net aneren Organisatioune Suen ewech huelen. Vun 28 Projeten, déi mat der Caritas lafen, kéint de Gros weider gefouert ginn. 5 warscheinlech net.

Noen Osten: All Provokatioun ass Ueleg op d’Feier

Am Libanon si jo en Dënschdeg Dausende vu Pager, respektiv "Piipser" explodéiert. 9 Mënsche sinn dout an 2.750 goufe blesséiert. D’Hisbollah mécht Israel responsabel. Elo misst ee kucken, wat genee geschitt ass a wie responsabel wier. Déi Informatiounen hätt hien nach net, sot de Xavier Bettel. Mä all Provokatioun wär Ueleg op d'Feier. Allgemeng huet hie sech ganz besuergt gewisen iwwert d'Situatioun am Noen Osten. De Konflikt géif sech net berouegen.

Fir Lëtzebuerg ass eng Zwou-Staate-Léisung déi eenzeg Méiglechkeet. Aktuell géif den Haass op Israel bei de Palästinenser ëmmer méi grouss ginn. D’Verhale vun der Regierung Netanjahu géif hien net verstoen. Dat politescht Iwwerliewe géif méi wichteg schénge wéi Mënscheliewen.

Invité vun der Redaktioun - Xavier Bettel, Lëtzebuerger Ausseminister

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.